An Zäite vun der Corona-Kris schaffe vill Leit vun doheem. Et ginn allerdéngs och Beruffer, do mussen d’Leit op d’Aarbecht goen.

Dat fir de Service kënnen z’assuréieren. Nieft dem ganze Personal aus dem Gesondheetssecteur gëllt dëst ë.a. fir d’Bréifdréier, Leit op den Tankstellen, d’Caissièren an d’Gemengenaarbechter.

Sou mussen d’Hygiènesdéngschter vun den eenzelen Gemengen hire Service weider assuréieren.

Zu Diddeleng goungen um Freideg d’Aarbechter d’Poubellen eidelmaachen. 4 Ekippe waren dofir duerch déi ganz Forge du Sud ënnerwee.

Am Total schaffen an dësem Service 68 Persounen. 30 waren der am Asaz. Déi aner am Stand-By. Op dës Manéier kéint de Service oprechterhale ginn, och wa sech Aarbechter mam Virus infizéiere géifen.

D’Schaffzäiten si vu moies 6 bis nomëttes 14 Auer. Aktuell bräichte si awer net sou laang am Asaz ze bleiwen. Wéinst der aktueller sanitärer Kris kéinten d’Aarbechter awer schonn heemgoen, soubal si hiren Tour op en Enn gefuer hunn.

D'Diddelenger Gemeng huet och eng Cellule de Crise opgestallt, déi all zweeten Dag zesummekënnt.