Déi drëttgréisst Uertschaft am Land, Déifferdeng, huet annoncéiert, kee Loyer méi ze froe fir déi Lokaler, déi d’Gemeng u Commerçante verlount.

Zwee Loyere gi komplett ausgesat. D’Déifferdenger Gemeng huet och eestëmmeg déi privat Proprietären opgeruff, e Geste ze maachen.

Nieft Déifferdeng hate schonn d‘Stad Lëtzebuerg, Esch, Ettelbréck, Bartreng an Diddeleng matgedeelt, datt se kee Loyer méi froen.