Den Edy Reding gëtt neie Schäffen

© MINT
Den LSAP-Politiker iwwerhëlt domat am Schäfferot de Poste vun der Renée Quintus-Schanen.
Assermentatioun fir d'Gemeng Réiser: virun der Inneministesch gouf en Dënschdeg de Mëtteg den Edy Reding als neie Schäffe vereedegt.
Den LSAP-Politiker iwwerhëlt domat am Schäfferot de Poste vun der Renée Quintus-Schanen, déi 20 Joer laang fir d'Sozialisten am Gemengerot vun der Réiserbann-Gemeng souz.
2008 war deemools d'Madamm Quintus zesumme mam Buergermeeschter Tom Jungen an de Schäfferot nogeréckelt.
Bei der Réiser LSAP huet awer och am Mäerz de Jean-Paul Reiter no 20 Joer am Conseil demissionéiert. Fir déi zwee Poste réckelen d'Sandra Carelli an den Angelo Lourenco no.
Gemeng Käerjeng
Personelle Changement och zu Käerjeng am Gemengerot: no net manner wéi 20 Joer gouf de Sozialist Lucien Fusulier duerch d'Monique Thiry-De Bernardi am Conseil ersat.
D'LSAP-Conseillère huet haut hiren Eed virum Buergermeeschter geleescht.
Déi nei Conseillère ass 68 Joer al, pensionéiert Sekretärin a war 6-gewielt 2017.

© Gemeng Käerjeng