Gemitterlech d'Stroosse vun der Alstad entdecken, ouni sech vun der Couch fort beweegen ze mussen? De Luxembourg City Tourist Office mécht et méiglech.

De LCTO invitéiert op hirem Internetsite op eng virtuell Visitt, bei där een historesch Plaze vun nationaler Bedeitung entdecke kann. An dat vun Doheem aus. Dorënner zum Beispill Place de la Constitution, de Bockfiels oder d'Rout Bréck. Um Programm vun der Visitt stinn och déi nei Passerelle, de Funiculaire oder den Tram.

Dës digital Experienz bréngt den Awunner vum Grand-Duché an och Leit aus der ganzer Welt d'Stad Lëtzebuerg an hir lokal Geschicht méi.

360-Grad-Fotoen a Videoe vun der Haaptstad fënnt een op an der Rubrik "Stay at home" op luxembourg-city.com.

© Screenshot: luxembourg-city.com