D'Stater Gemeng kënnt weider aus der Ofgeschlossenheet eraus: Dat war e Mëttwoch de Moien um City Breakfast an der Stater Märei gewuer ze ginn.

De Confinement vun de leschten 8 Wochen hätt dozou gefouert, dass een elo erëm en Deel vun de Fräiheeten zréckgewanne kéint. D'Stater Buergermeeschtesch sot dat um Mëttwoch de Moien an der Märei um Knuedler um éischte City Breakfast zanter bal 3 Méint.

D'Zuele géife beweisen, dass de Confinement eppes bruecht hätt, an dofir géif vun e Méinden un nees en Deel Normalitéit an d'Stad erëmkommen.

City Breakfast vum 13. Mee 2020: Reportage Eric Ewald

Woubäi, wéi d'Lydie Polfer ënnerstrach huet, déi essentiell Servicer déi lescht zwee Méint iwwer oprecht erhale goufen. Si hofft, et géif sech gutt auswierken, dass d'Butteker zanter e Méindeg nees op sinn. D'Leit misste sech awer bewosst sinn, dass och wann eng Ouverture kënnt, dofir awer de Virus net fort ass.

Jiddereen Eenzele misst sech elo responsabel behuelen, huet d'Stater Buergermeeschtesch betount an annoncéiert, dass vun e Méinden u Servicer wéi de Biergerzenter oder den État civil nees normal op sinn.

Lydie Polfer: De Prinzip ass also: Vun e Méindeg, 18. Mee u sinn all déi Plazen, wou mer Guicheten hunn, nees op fir de Public. Dir gesitt, et ass nach net sou, wéi et virdru war, well soulaang d'Schoulen och nach net op sinn, Kanner doheem sinn, Eltere Congé pour raisons familiales hunn, sinn eben och nach eng ganz Rei vun de Beamten net disponibel.
D'Parke ginn och erëm op, am Géigesaz allerdéngs zu de Spillplazen. An och beim Recyclingzenter gëtt et eng Neierung:

Lydie Polfer: Vum nächste Samschdeg un ass en eben och samschdes op, vun 10 Auer bis 16 Auer. D'Lydie Polfer huet nach drop higewisen, dass déi zwee Stater Muséeë en Donneschdeg hir Dieren nees opmaachen, d'Photothéik dann e Méinden an d'Bibliothéik en Dënschden.

Den 1. Schäffe Serge Wilmes huet drun erënnert, dass d'Gemeng do, wou si Proprietär vu Geschäftslokaler ass, kee Loyer gefrot hat. Dee Solidaritéitsgeste kënnt awer sou lues op en Enn.

Serge Wilmes: De Schäfferot huet awer elo och decidéiert, vue dass jo elo d'Butteker erëm kënnen opgoen, dass ab dem 1. Juni dann och erëm d'Loyere géifen nees fir déi, déi op sinn, gefrot ginn.

D'Stad wéilt nach e System vun Akafsbongen aféieren, op déi si da vläicht 10% dropleeë géif. Hei sinn awer nach Froen ze klären. Dem 1. Schäffen no gëtt donieft no Alternativen zur ofgesoter Fouer gekuckt a wéi een d'Braderie anescht organiséiere kéint, vläicht an de Quartieren.

Eréischt, wann ee weess, wéi vill Kanner vum fakultativen Accueil wëlle profitéieren, gesäit ee méi kloer, sot d'Lydie Polfer de Moien um City Breakfast zur Rentrée an der Grondschoul an enger Dosen Deeg. D'Stater Buergermeeschtesch huet dës Rentrée déi nächst grouss Erausfuerderung a Corona-Zäite genannt: "Do sinn awer nach ganz vill Informatiounen, déi musse kommen! Dir wësst, mir hunn 19 Schoulgebaier um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg, eng 360 Klassen: Da kann elo jidderee sech jo direkt selwer ausrechnen, wat dat heescht vu Säll, eben, zur Verfügung hunn! Mir wäerten do natierlech op déi Gebailechkeeten zréckgräifen, déi d'Foyers scolairen duerstellen, an awer och vläicht nach op aner Schoulen, déi de Moment eidel stinn, oder och Centres culturelen!"

D'Lydie Polfer iwwert d'Schoulrentrée

Alles dat - a besonnesch d'Opdeele vun de Klassen - wär een am Gaang z'organiséieren, huet d'Lydie Polfer erkläert.

Wat de Recyclingzenter ugeet, wär et méi einfach, méi laang kënnen op ze hunn, ma den Zenter hätt schonn op Leit aus anere Servicer missen zréckgräifen: "Déi éischt Deeg war effektiv vill, bis op d'Areler Strooss, a souguer virun den Diere vun de Pompjeeën! Ech hunn elo déi lescht Woch awer net méi vun där dote Situatioun gehéiert! Dat war, wéi en opgaangen ass, virun zwou Wochen."

D'Lydie Polfer iwwert de Recyclingzenter

Saache stoppe wär schwéier, mä se nees a Gank ze bréngen nach vill méi schwéier, sou d'Stater Buergermeeschtesch.