D’Gemengen Déifferdeng a Saulnes praktizéieren zënter Joerzéngten ënnereneen, ongewinnt grenziwwerschreidend Geschäftsrelatiounen.

War et fréier d'Schmuggele vu Wueren, sou ass haut den Handel mat Land scho bal Traditioun. Dëse Januar huet Déifferdeng Saulnes jo nach iwwer 100 Hektar Terrain ofkaaft. Eng vun dësen Transaktiounen huet sech grad a Corona-Zäiten als ganz gutt Iddi erausgestallt.

Mat sengen 115 Joer huet e scho sou munches erlieft, de Kierfecht op der Zowaasch. E läit déi Säit der Réierbaach, déi d'Grenz zitt, tëscht Lëtzebuerg a Frankräich. Wann en ugangs geduecht war als Kierfecht fir déi franséisch Mineuren, déi fir de Comte De Saintignon geschafft hunn, ginn awer och haut nach Leit hei begruewen. Eng ganz speziell Ambiance wier dat hei.

E puer Wochen ass dat hier, matzen am Confinement, dass dat iwwerhaapt goung. Eng Lëtzebuerger Bäisetzung, déi aner Säit a Frankräich. Déi streng Reegele vun deemools géint d'Contrebande gëllen net méi zënter ugangs 80er an duerno Schengen. Vergiess si se awer nach laang net.

Zowaasch an Saulnes - si hunn hire spezielle Passé, sinn awer haut e Stéck gelieften an onkomplizéiert Europa.