D'Gemeng Lëtzebuerg géif hir Awunner verdrängen, esou Déi Lénk

© Déi Lénk
Am Pafendall gëtt weiderhin super deiere Wunnraum geschaaft, wouduerch d'Awunner verdrängt ginn. Dat schreiwen déi Lénk an engem Communiqué.
Si reprochéieren der DP-CSV Majoritéit an der Stater Gemeng déi privat Promoteuren gewäerden ze loossen. Dës géinge meeschtens nämlech iwwer auslänneschen Invest super deiere Wunnraum schafen. Dobäi wier awer e groussen Deel vun den Terrainen an ëffentlecher, kommunaler Hand.
Elo géing zum Beispill virum Terrain vun der aler "Wäscherei" ee Schëld vun der belscher Promoterfirma ICN Development stoen. Dës hätten schonn zesummen mat TRALUX Immobilier an BESIX RED d'Terraine vun Villeroy&Boch opkaaft an och d'Fënsterschlass an der rue des Bains an der Uewerstad superluxuriéis renovéiert.
Et géing sech d'Fro stellen, firwat d'Gemeng net an eegener Regie den Terrain kaaft hätt fir ee koherenten a sozial abordabele Wunnengsprojet ze realiséieren. Et wär eng Gentrifizéierung vum Pafendall, sou schreiwen et déi Lénk.