Geschichte fir Grouss a Kleng offréiert d’Potty Lotty am neie Café Bonzënnen Bonzuewen, deen viru Kuerzem ouni feierlech Ouverture opgemaach huet.

No vill Succès mat Virliesungen an de Schoulen an op private Fester huet d'Potty Lotty sech endlech zu Dikrech néiergelooss. Dëse fiktiven an zugläich extravagante Personnage gouf vum Charlotte Reuter erfonnt mat dem Zil, de Kanner d'Liese méi no ze bréngen.

En Extrait vum Charlotte Reuter

Am Bonzënnen Bonzuewen krit een net nëmme Geschichte virgelies, mee et kann een och mat senge Léifste liesen, molen, schreiwen a spillen. Fir d'Kreativitéit vun de Kanner ze fuerderen, kann een och a verschidde Welten antauchen. Wärend d'Kanner an Theemeraim ofschalten, kënnen d'Elteren an de Genoss vun nohaltegem Kaffi a klenge Schneekegkeete kommen. D'Philosophie vum Café ass also, wei d'Charlotte Reuter verréit, de Leit een "zweet Doheem ze bidden, wann engem doheem de Plaffong op de Kapp fält".

Virliesunge sinn aktuell net méiglech. Fir d'Corona-Zäit ze iwwerbrécken, misst d'Konzept also ugepasst ginn. "D'Schwieregkeet ass, datt verschidden Elementer, déi ech hei am Haus wëll ubidden, mussen zoubleiwen. (...) Dat soziaalt Element feelt", huet d'Charlotte Reuter eis am Interview matgedeelt. Fir Bonzënnen Bonzuewen lieweg ze halen, collaboréiert de Café mat lokale Kënschtler a Librairien a verlount seng Theemeraim.

Wann ee fir seng Famill eng kleng Auszäit vum stressegen Alldag sicht, kann een also wärend der Fuesvakanz een Theemeraum am Bonzënnen Bonzuewen lounen.

Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', de 5. Februar 2021.