Iwwer 100 Sproochen ënnerstëtztOnline-Iwwersetzer vun DeepL gëtt et neierdéngs och op Lëtzebuergesch

RTL Today
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Den Online-Iwwersetzer vun DeepL huet am Kader vun engem gréisseren Update Lëtzebuergesch zu senger aktueller Offer bäigefüügt an deckt domadder elo méi wéi 100 Sproochen of.
© DeepL

An der neister Erweiderung vun der KI-Sproochefirma DeepL gouf Lëtzebuergesch an de Service vun hirem Online-Iwwersetzer mat bäigeholl. Domadder deckt DeepL elo méi wéi 100 Sproochen of, dorënner och déi 24 offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun.

© RTL Today

An engem Communiqué huet d’Firma matgedeelt, datt déi rezent Erweiderung eng 80 Sproochen ëmfaasst, dorënner och Afrikaans, Islännesch an Iresch.

D’Aféierung vu Lëtzebuergesch – am Moment nach an der sougenannter Beta-Phas – beschreift d’Firma als Hëllef fir Organisatiounen am Grand-Duché, déi elo kéinten op “héich-präzis KI-Iwwersetzungen” zeréckgräifen. Weider gëtt argumentéiert, datt de neie Service lokale Firme géing hëllefen, besser mat der internationaler Konkurrenz kënne matzehalen, déi scho méi laang op präzis Online-Iwwersetzunge kënnen zeréckgräifen.

Back to Top
CIM LOGO