
D’Gewerkschaftsfront rifft op zu enger grousser Mobilisatioun den 28. Juni, fir d’Solidaritéit, d’Demokratie an d’sozial Gerechtegkeet. E breede Motto, dee versicht, verschidde Kämpf zesummenzebréngen. A vläicht ass dat grad dat Wichtegst: Zesummenhäng verstoen, zesummeschaffen.
D’lescht Woch hunn den OGBL an den LCGB Acteure vun der Zivilgesellschaft zesummebruecht fir genee doriwwer nozedenken. Mee eng Fro stoung am Raum, sou grouss wéi en Elefant: Wéi fräi si mir nach, als organiséiert Zivilgesellschaft, fir wierklech kritesch ze sinn?
Well zu Lëtzebuerg ass d’Zivilgesellschaft net just engagéiert, si ass och héich professionaliséiert an domat konventionéiert. Mir schaffe mat an fir Ministèren, mat Suen, déi un een Aktivitéitsprogramm gebonne sinn. Mir brauche si, sou wéi si ons och brauchen. Mä wou bleift de kritesche Raum, wann alles an der Konventioun steet? Et bleift oft wéineg Fräiraum fir dat ze soen, wat stéiert.
An dobäi stéiert ganz Villes.
Trotz Steierkaddoen a grousse Selbstfeierungen iwwer sozial Moossnamen ass zu Lëtzebuerg d’Aarmut weider verbreet. Am meeschte si Kanner an elengerzéiend Famillje betraff. Et feelen Zéngdausende vu Sozialwunnengen. D’Aarmut vu Fraen am Alter ass nach laang net geléist, an déi ugekënnegt asozial Pensiounsreform wäert dat net verbesseren.
Trotz engem Discours iwwer Diversitéit an Zesummeliewen gesi mir eng Migratiounspolitik, déi sech däitlech verschäerft: méi séier, méi strikt, méi kal.
An och wat d’Klima ugeet, gesäit een ëmmer méi politesche Greenwashing: vill ugekënnegt, wéineg konkret, primär kompatibel mat de wirtschaftlechen Interessen an den ökologeschen Noutstand zweetrangeg. Dat ass keen Zoufall. Dat ass eng politesch Linn.
Decisiounen, déi ëmmer erëm de Marché an d’Konkurrenzfäegkeet an de Mëttelpunkt stellen, déi Effizienz iwwer Gerechtegkeet setzen, an déi sech heiansdo méi ëm den Image këmmere wéi ëm de sozialen oder ekologeschen Impakt.
Alles dat huet och Konsequenze fir d’Zivilgesellschaft.
Mir befannen eis zu all Moment an engem Seeldanz mat der Angscht, e Schratt ze wäit ze goen an aus dem akzeptéierten Kader ze falen. Mee wann déi, déi all Dag d’Konsequenze vun de politeschen Entscheedungen um Terrain gesinn, sech selwer entpolitiséieren, dann hu mir e Problem.
Mir stieche an engem Dilemma: Wéi kënne mir déi néideg Distanz a Kritik behalen, ouni domat eis Existenz a Gefor ze bréngen?
Eppes ass kloer, wann zu Lëtzebuerg de Sozialdialog brécht, wann d’Gewerkschafte net méi mat um Dësch sëtzen, da muss och d’Zivilgesellschaft dat eescht huelen. Net just als Zeeche vu politescher Spannung, mee als Gefor fir d’Demokratie.
Vläicht ass den éischte Schrëtt fir erëm Loft ze kréien, fir d’éischt mol zesummen op d’Strooss ze goen, den 28. Juni.
An dono geet et weider. Mir organiséieren eis. Hoffentlech zesummen.