Carte blanche vum Bob ReuterOpginn ass keng Optioun

Bob Reuter
Wéi de Jürgen Habermas viru kuerzem gestuerwen ass, huet d'Welt méi wéi e Philosoph verluer. Si huet eng Stëmm verluer, déi drop bestanen huet, datt d'Mënschen et besser maache kënnen - net well d'Geschicht dat garantéiert, mee well näischt anescht et wäert ass, sech dofir anzesetzen. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt dofir, datt mer dem Habermas säi Projet dofir haut méi wéi jee musse weiderféieren.
© RTL

Dem Habermas säi Projet ass treffend als “gewollten Optimismus” bezeechent ginn. Kee bëllegen Optimismus. Einfach d’Aen zoumaachen an hoffen. En disziplinéierten Optimismus. Een, dee sech de Schlamassel ukuckt, dee mir ugeriicht hunn an dee seet: mir hunn demokratesch Institutiounen eng Kéier opgebaut an de Ruine vun der Katastroph. Mir kënne se haut verdeedegen an erneieren.

Dat ass kee komfortabele Message. Et ass eng usprochsvoll Fuerderung. Well si leet d’Verantwortung ganz kloer bei eis.

An déi Verantwortung fillt sech haut schwéier un. Iwwerall an Europa an doriwwer eraus gesi mir, wéi Autokraten a Populisten einfach Geschichten ubidde fir komplizéiert Problemer. Geschichten, déi op Angscht opbauen, op Ausgrenzung, an op dem Fantasmus, datt wann een nëmme genuch Dieren zoumécht a genuch Stëmme roueg kritt, datt dann d’Welt nees Sënn mécht. Dës Geschichte si verféieresch, well se einfach sinn.

Den Habermas huet säi ganzt Liewe laang déi méi komplex Geschicht artikuléiert - déi wou seet: Demokratie ass kee Kaddo, et ass eng Praxis. Si lieft an de schwéiere Gespréicher, déi mir bereet si mat Leit ze féieren, déi d’Welt anescht gesinn. Si lieft an den Institutiounen, déi mir stänneg musse mat Liewe fëllen. Si lieft am Engagement, datt all Stëmm zielt — net nëmmen déi häertsten.

Hei zu Lëtzebuerg menge mir heiansdo, datt mir dovunner verschount bleiwen. Dat si mir net. Och mir spiere wéi den Zynismus un eis zitt, wéi d’Vertrauen an dat, wat eis verbënnt, lues verfält. An och mir sti virun enger Wiel.

Als Humaniste vertraue mir drop, datt dës Wiel mat oppenen Ae getraff ka ginn. Mir sinn net naiv. Mir gesinn d’Brochstellen — sozial, ekologesch, politesch. Mee mir akzeptéieren net, datt well d’Saache lo schlecht sinn, datt se net besser kënne ginn. Sech domat offannen - dat ass keng Hoffnung. Dat ass Feigheet ënnert dem Deckmantel vum Realismus.

Wat den Habermas eis hannerléisst, ass kee fäerdege Programm. Et ass e Kader - an et läit un eis, en ze fëllen. Säin onfäerdege Projet weiderzedreiwen - gedëlleg, haartnäckeg. E Projet vu sozialer Gerechtegkeet an ekologescher Verantwortung. Vun Inclusioun - net als Slogan, mee als deeglech Praxis. Vu Fairness — net als Abstraktioun, mee als miessbaren Engagement.

Lëtzebuerg ass kleng genuch, fir dëst ze probéieren. An divers genuch, fir et ze brauchen.

Loosst eis dëse Philosoph net mat schéine Wierder éieren, mee mat Aarbecht. Loosst eis dat fleegen, wat de Populismus veruecht: Komplexitéit, Gedold, Solidaritéit iwwer Differenzen ewech. Loosst eis déi gewollten Optimiste sinn, op déi den Habermas gesat huet - net well mir sécher sinn, datt et klappt, mee well d’Alternativ d’Opginn ass.

An d’Opginn ass fir en Humanist keng Optioun.

Back to Top
CIM LOGO