
No den kontroversen Diskussiounen iwert d‘Erhéichung vum Mindestlouhn, däerft secherlech geschwënn erëm déi automatesch Indexéierung vun den Léin, Gehälter an Renten am Mëttelpunkt vun den Debatten stoen. Spéistens dann, wann nach virun dësem Summer déi nächst Indextranche fälleg ass.
Well wéi schons méi dacks an der Vergangenheet ass de Präissindex seit sénger gesetzlecher Aféierung vum 27. Mai 1975 och haut erëm Géigestand vun sou munchen Meenungsverschiddenheeten. Sou wéi dësen Sujet an méi geopoliteschen, wirtschaftlechen an sozial onrouegen Zäiten nach méi kontrovers tëschend den Sozialpartner an der Regierung diskutéiert gëtt.
Mee trotz allen divergenten Meenungen tëschend deenen verschiedenen Acteuren, kann een awer behapten, dass duerch déi automatesch Indexéierung vun den verschiddenen Akommes an den vergangenen Joerzéngten sou munch sozial Konflikter verhënnert an den soziale Fridden bewahrt konnt ginn.
Virun allem an Joeren mat énger méi staarker Inflatioun an énger ugespaanter Situatioun guef tëschend den Sozialpartner meeschtens e Kompromiss fond. Et muss een och drunn erënneren, dass fir d’éischt d’Präisser vun den Wueren an Déngschteeschtungen méi deier ginn, ier et zum Erfall vun énger Indextranche könnt. Well déi
automatesch Upassung vum Verbraucherindex ass fälleg, wann d’Inflatioun am Semesterduerchschnëtt ëmt 2,5% klëmmt.
Sënn an Zweck vun der automatescher Indexéierung ass et fir d’Kaafkraft vun den Konsumenten in etwa ze erhaalen resp. ze garantéieren. Erënneren soll een awer och, dass et bis zum 1. Juli 1981 souguer éng Virschossindextranche vun 1,5% guef. Och duerno an den Krisenjoeren vun 1982 an 83 ass et zu weideren gréisseren Moduléierungen komm. Sou wéi et och bis haut nach ëmmer zu Neutraliséierungen könnt, wéi z.B. bei der Energie- an der Co2 Steier.
Duerfir besteet och elo nach éng Differenz tëschend der tatsächlech gemossten Inflatioun an däer, déi fir d’Upassung vun den d’Léin, Gehälter an Renten geholl gëtt an wou u sech nach déi éng oder déi anner Indextranche geschëllt wier.
Grad an dësen Wochen erliewen mir, wéi d’Energiepräisser all Rekorder briechen, awer d’Regierung et nët fäerdeg bréngt, siew et iwert Deckelung vun den Präisser oder der Erofsetzung vun den Steieren, Mossnahmen ze ergreiwen. Well wann d’Regierung méngt, d’Probleemer ouni d’Ofsecherung vun der Kaafkraft ze léisen, dann ass Sie definitiv um Holzwee.
Zill vun allen Acteuren misst et sinn, den Verbraucher en dezent Liewen ze erméiglechen. Well nët nëmmen d‘Konsumenten profitéieren vun énger Indextranche resp. der Erhéichung vum Mindestlouhn, mee och op déi éng oder anner Manéier méi speziell d‘Handwierk, den Handel an d‘Restauratioun.
Duerch éng Ofsecherung vun der Kaafkraft kéint een nët nëmmen den Konsum an d‘Investitiounen ënnerstëtzen, mee och d‘Verbraucher mat éngem kléngen Akommes. Well et kann nët sinn, dass sech och nach um Bockel vun dësen Familljen Virdeeler verschaaft ginn.