
Ee vun de leschte Summerowenter, Freides, matten an der Stad beim roude Pëtz. Perfekt fir e relaxen Afterwork op enger Terrasse. De Kapp no hanne leeën, entspanen an déi ustrengend Woch hannert sech loossen. Vläicht e bësse Small-Talk mat Leit, déi ee méi oder manner gutt kennt, iwwert déi nächst Vakanz diskutéieren oder sech iwwert dee chaotesche Mataarbechter opreegen. “Solle mer nach eppes bestellen?” “Firwat am Fong net.” D’Ambiance ass gutt, de Schampes huet déi richteg Temperatur a mäi Liblingsrestaurant hat zum Gléck nach en Dësch.
Ech gesinn hie scho vu wäitem. Dee Mann, deen ech kennen, ouni hien ze kennen. Op alle Fall sinn ech him dacks begéint an de leschte Wochen. Eemol huet hie mech em Sue gefrot, eng aner Kéier huet hien haart gejaut. Meeschtens huet hie mat Glasan an d’Näischt gekuckt. Ech weess net, wéi de Mann heescht, weder wéi al en ass oder wat seng Geschicht ass. Wat ech weess, ass datt hien en akuten Drogeprobleem huet, a visiblement staark dovu beanträchtegt ass. Och dëst Kéier freet hien d’Leit, déi op den Terrassen sëtzen, ëm e puer Mënz.
Verschiddener ronschelen degoûtéiert d’Nues. Anerer kucken duerch hien. Vereenzelter ginn him eppes, oder schwätzen esouguer mat him. Dat ass rare. Bon, den Intrus passt eben net sou gutt an de Friday Vibe. Normalerweis geet hie vum selwen. Just datt hien dës Kéier keng Geleeënheet dozou kritt.
Et ass kuerz no 19 Auer, wéi zwee Policeautoe beim roude Pëtz halen. Een nom aneren, am ganze 5 Poliziste klammen eraus, ginn an energeschem Tempo op de Mann zou, zéien hie mat, fir en da widder d’Mauer ze drécken. Ech héieren net, wat si soen. Keng Anung, ob de Mann grad virdrun eng Bank iwwerfall huet, en internationalen Terrorist ass oder wie weess vläicht esouguer e psychopathesche Seriekiller.
Ech gesinn awer, datt hie schwaach ass, ënnererniert, gesondheetlech um Limitt, esou datt hie ganz sécher net riskéiert, eng krass Gefor ze sinn. Wéi gesot, eng subjektiv Beobachtung. An de Mann, frot der iech. Wiert hie sech? Nee. Hie jäizt. “Ech hunn näischt gemaach! Je n’ai rien fait!” Ëmmer erëm, bis him Handschellen ugedoe ginn. Fënnef Poliziste ronderëm. Eng Véierel Stonn wittert der Mauer. Keen Auswee. Ech hu Loscht dohinner ze goen, ze froen, wat déi zimmlech sec Method soll. Mäi Mann hält mech zréck. “Looss sinn, Anja. Mir musse goen.” Déi nieft eis stinn och op. “An. Wou gi mer als nächst hin?“ freet ee vun hinnen. Deen anere kuckt degoûtéiert a Richtung vum Mann. “Egal, Haaptsaach wäit fort vun deem eeklegen Asi!“
Ech denke laang no. Wann ech hien erëm gesinn, froen ech hien no sengem Numm.