
An engem Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot sinn d’Sozialpartner sech eens, datt Lëtzebuerg am Beräich vum Logement, mee net nëmmen do, Affer vu sengem eegenen Erfolleg ginn ass.
Duerch de wirtschaftleche Wuesstem, an dee vun der Beschäftegung, ass d’Demande no Logement ëmmer méi grouss ginn; a mir si mëttlerweil op engem Punkt ukomm, wou de Manktem u bezuelbarem Wunnraum en Hindernis ass fir déi wirtschaftlech Weiderentwécklung vum Land.
Déi schaffend Leit fanne keng Wunnenge méi, déi se sech leeschte kënnen, weder fir ze kafen, nach fir ze lounen. A fir d’Entreprisen ass et och e Problem, well d’Leit deelweis wéinst deenen héije Präisser net méi wëllen oder kënnen op Lëtzebuerg schaffe kommen.
Dës Situatioun ass awer bei wäitem net nëmmen duerch de Wirtschaftswuesstem entstanen. Well a sech si genuch Terrainen do. Am Moment hu mer laut Estimatioune vum LISER nach ronn 4.300 Hektar Terrainen am Bauperimeter, déi duerginn, fir 160.000 Wunnengen ze bauen an domat Wunnraum fir bis zu 370.000 Persounen ze schafen.
De Problem ass, dass se net op de Marché kommen, an dowéinst bleift de Präis vun den Terrainen den Haaptgrond fir d’Logementsmisère zu Lëtzebuerg.
An de Gros vun dësen Terrainen ass a privater Hand. Laut dem Observatoire de l’habitat si 64% vum Bauland an der Hand vun 20.000 Privatpersounen. Eleng den Top 1.000 vun de Privatpersoune mat dem meeschte Bauland besetze 47% dovun.
Bei de private Societéiten ass d’Konzentratioun vum Besëtz nach méi flagrant. Insgesamt besetzen 1.140 privat Societéiten 19,1% vum ganze Bauland. Eleng 5 lokal Promoteure besëtze Bauland am Wäert vun duerchschnëttlech 500 Milliounen Euro.
Dës Konzentratioun ass net nëmmen eng fundamental sozial Ongerechtegkeet, mee si féiert och derzou, dass sech eist Land net méi weiderentwéckele kann.
Wat misst also gemaach ginn?
Éischtens: e massiven Ausbau vum ëffentlechen a bezuelbarem Wunnengsbau. Eng richteg Offensiv, sou wéi d’Gewerkschaften dat an der Tripartite gefuerdert hunn.
Zweetens: eng kloer Regulatioun vun de Loyeren an e staarke Mieterschutz. Et brauch kloer, kontrolléierbar Krittären, wéi e Loyer festgesat gëtt, a méi staark Kontrollorganer, déi och wierksam agräife kënnen, an zwar lo direkt.
Drëttens: e Steiersystem, deen d‘Spekulatioun net nach belount, mee se bremst. Mir brauchen eng progressiv Besteierung vu grousse Verméigen a vu Gewënner aus Buedem- a Wunnengsspekulatioun. Kuerzfristeg mussen och Taxen agefouert ginn op eidelstoend Wunnengen an Terrainen, déi sou héich sinn, dass dës Terrainen a Wunnengen op de Marché kommen.
D’Recht op Wunne muss erëm an de Vierdergrond gestallt ginn, net just an de Sonndesrieden, an déi kontinuéierlech Ëmwandlung vum Wunnraum an e reegt Renditeobjekt muss gestoppt ginn.
D’Logementskris ass nämlech keen Naturgesetz. Si ass d’Resultat vu politesche Choixen – oder vu weiderem Nëthandelen.