
X gehéiert bekanntlech dem éischten Trillionär vun der Welt, deen seng extrem-riets politesch Präferenzen an den Algorithmus afléisse léisst[1]. De Bezos huet sengersäits d'Ausriichtung vun der Washington Post geännert[2]. De Larry Ellison, enke Kolleeg a finanziellen Ënnerstëtzer vum Trump[3], huet Paramount Global an domat CBS opkaf, a gläich de Stephen Colbert gecancelled, well dee Witzer iwwert den Trump gemaach huet. Och bei engem vun de wichtegsten Noriichtemagasinnen, “60 Minutes” vu CBS, gi Journalisten erausgëeekelt an d'Sendung gëtt politesch op Linn bruecht. Déi nächst Acquisitioun wäert Warner Brothers Discovery mat HBO an CNN sinn, an dem Trump säi Krichsminister Pete Hegseth, freet sech schonns drop, dass, och op CNN, deemnächst keng Kritik méi un der MAGA-Politik wäert ze héiere sinn[4] - och wann den David Ellison, deen dëse Medienimperium vu sengem Pappi als Spillsaach geschenkt kritt, viru kuerzem nach schäinhelleg de Géigendeel behaapt huet.[5]
Milliardären, déi rietsextrem Stréimungen ënnerstëtzen, gouf et schonn an den 1930er Joren: Hugenberg[6] an Däitschland, Coty[7] a Frankräich, awer och de Rothermere an England an den Hearst an Amerika.[8] De Murdoch dreift do nach ëmmer säin Onwiesen an de Vincent Bolloré perfektionéiert dëse System grad a Frankräich; net just mat senger “Norichte”-Chaîne C-News[9], bei Europe 1 oder dem JDD, mä och an der Editioun vu Bicher: bei Grasset ass de laangjäregen Direkter geflunn, Fayard publizéiert bal just nach Bardella, Zemmour, De Villiers a Konsorten, déi dann, op all franséischer Garen, an dem Bolloré senge “Relay”-Filialen an der Fënster stinn[10].
Idem am Kino, wou de Bolloré, no Canal plus, och nach de Kinosgrupp UGC opkafe wëll. Den Direkter vu Canal huet scho gesot, dass si net méi mat Artisten an Techniker schaffe wéilten, déi dës Fusioun kritiséiert hunn[11]. De Message ass kloer: all Widderstand géint de rietsextreme politesche Projet vum Bolloré gëtt direkt bestrooft. Bei all deene Milliardäre fënnt ee kee Respekt fir redaktionell Onofhängegkeet oder d'Fräiheet ze publizéieren, ze recherchéieren, ze kreéieren an ze kritiséieren. Onofhängege Qualitéitsjournalismus, virun allem och an ëffentlech-rechtlecher Form, ass hinnen an hire politeschen Acolytten[12], en Dar am A.
Klassesch Medie sinn eng Saach, awer d‘Appe vun den amerikanesche Big-Tech-Firmen (Instagram, X, Facebook, Google) beaflossen ëmmer méi eisen Alldag, iwwerall op der Welt. Tech-Milliardären influenzéieren domadder bewosst den ëffentlechen Discours, och an Europa. Dobäi huet den JD Vance schonn 2025 behaapt, et wieren d'Europäer, déi d'Meenungsfräiheet limitéiere géifen.[13] Awer ëm wierklech Meenungsfräiheet geet et hei guer net. D'Trump-Administratioun wëll just keng Reguléierung (Stëchwuert DSA etc.)[14] an och keng Besteierung vun hiren iwwerräichen Tech-Mogulen an deenen hire Monopolstellungen. Och dee brongen Inhalt soll ouni Kläranlag an d'Käpp vun eise Kanner fléissen – an ëmmer méi Suen an d'Täsche vun den Tech-Milliardären. Dëse Weekend huet den Trump Stroftaxe vun 100% géint Europa ugedréit, falls och nëmmen eng minimal Digitalsteier an der EU agefouert géif[15]. Et kann ee just hoffen, dass d’EU net erëm esou aknéckt wéi virun engem Joer[16] a wéi e Schoussmippche reagéiert. Déi medial an digital Souveränitéit[17] vun Europa ass eng Noutwendegkeet, wa mer, grad och am AI-Zäitalter[18], eise Modell vum demokratesche Rechtsstaat oprecht erhale wëllen.