
Muss Europa an domat och Lëtzebuerg méi fir seng Verdeedegung ausginn. D’Äntwert ass kloer Jo. Vill ze laang ware mer vun aneren ofhängeg, un 1. Stell den USA, an et ass wichteg, dass Europa Punkto Verdeedegung méi eegestänneg a méi resilient gëtt. Wa mer dat innerhalb vun der EU mat Verstand maachen, da kréie mer dat och hin. Wat mech allerdéngs besuergt, ass dat elo op eemol gemengt gëtt, dëst wär eng super Geleeënheet fir iwwer een zolitte Rëschtungsprogramm eis Ekonomie unzekuerbelen. Natierlech solle mer, wa mer elo Suen ausginn, fir eis méi sécher ze maachen, eis besser kënnen ze verdeedegen, kucken, dass déi europäesch Industrie soll dovu profitéieren. Mee mir mussen oppassen, dass mer hei eis net vu falschen, voir geféierlechen Argumentatioune leede loossen.
Op den éischte Bléck schéngt d’Argument ze fonctionéieren: Rüstungsprojete bréngen Opträg fir d’Industrie, Fuerschungsmëttel fir High-Tech a Beschäftegung fir Ingenieuren an Techniker. Awer ekonomesch gesinn handelt et sech ëm e problematesche Wuesstem – well Waffe kee produktive gesellschaftleche “Mehrwert” schafen.
Wann e Staat a Schoulen, Spideeler, erneierbar Energien oder ëffentlechen Transport investéiert, verbessert dat direkt d’Liewensqualitéit an d’Produktivitéit vun der Gesellschaft. Wann en awer an Waffen investéiert, entsteet kee laangfristege gesellschaftleche Notzen – am Géigendeel: D’Produkter si fir Zerstéierung geduecht.
Dobäi kënnt en zweete Problem: Opportunitéitskäschten. All Euro, deen an Rüstung geet, kann net fir Bildung, Wunnengspolitik, Klimaschutz oder sozial Innovatioun agesat ginn. Militäresch Ausgabe kënnen also zivillen, nohaltege Wuesstem verdrängen, amplaz en ze stäerken.
En drëtte Punkt ass de Risiko, dass wann eng Industrie, Regioun oder souguer eng national Wirtschaft staark vun Rüstungssopträg ofhänkt, entsteet en Interesse fir permanent Spannungen a Konflikter – well Fridden dann ekonomesch als Risiko ugesi gëtt.
Dacks gëtt och argumentéiert, datt militäresch Fuerschung wichteg Innovatiounen ervirbréngt. Dat ass deelweis richteg. Mee d’Fro bleift: Firwat net direkt a zivil Fuerschung investéieren – a Gesondheet, Digitaliséierung, Klimatechnologien oder Mobilitéit? Déi brénge Wuesstem, ouni Zerstéierungspotenzial.
Och fir e Land wéi Lëtzebuerg stellt sech dës Fro ganz konkret. Sollten ëffentlech Gelder an e Militär-Industrie-Komplex fléissen – oder an Zukunftssecteuren, déi wirtschaftlech Dynamik mat sozialem a klimateschem Fortschrëtt verbannen?
De Kärproblem ass: Rüstung kann zwar kuerzfristeg wirtschaftlech Aktivitéit schafen, mee si produzéiert keen nohaltege Wuelstand. Am schlëmmste Fall dréit si dozou bäi, datt Konflikter eskaléieren – mat enorme mënschlechen a wirtschaftleche Käschten.
Richtege wirtschaftleche Wuesstem sollt Liewen opbauen – net Zerstéierung optiméieren.