Champions LeagueLiverpool léisst Galatasaray keng Chance, och Bayern, Atlético a Barcelona weider

Jeff Birsens
No der Defaite am Allersmatch ass dem FC Liverpool am Retourmatch eng staark Revanche gelongen. Mat enger 4:0-Victoire geet et fir d'Reds an d'1/4-Finallen, wou elo de PSG waart.
Liverpool's Dutch midfielder #38 Ryan Gravenberch (L) celebrates with teammates after scoring his team's third goal during the UEFA Champions League, round of 16 second leg football match between Liverpool and Galatasaray at Anfield in Liverpool, north-west England on March 18, 2026.
D’Spiller vu Liverpool freeë sech iwwert den 3:0.
© AFP

E Mëttwoch goufen an der Champions League déi lescht véier Plaze fir d'1/4-Finall decidéiert. Um fréien Owend war et schonn direkt ee richtegt Gol-Spektakel ginn, wou sech den FC Barcelona mat engem 7:2 iwwer Newcastle den Ticket fir déi nächst Ronn séchere konnt.

Un der Anfield Road huet Liverpool sech da fir d’Defaite aus dem Allersmatch revanchéiert a Galatasaray no engem immens staarken Optrëtt mat enger 4:0-Victoire eliminéiert. Donieft konnten den FC Bayern an Atlético Madrid hir Féierungen aus dem Allersmatch ouni gréisser Probleemer verdeedegen.

An de 1/4-Finalle kënnt et also zu den Dueller PSG-Liverpool, Real Madrid-Bayern, Barcelona-Atlético a Sporting-Arsenal.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Liverpool - Galatasaray 4:0 (4:1 no Aller- a Retourmatch)
1:0 Szoboszlai (25'), 2:0 Ekitiké (51'), 3:0 Gravenberch (53'), 4:0 Salah (62')

All d'Goler vum Match Liverpool géint Galatasaray
Liverpool ass d’Revanche géint Galatasaray gelongen a steet no enger staarker Leeschtung an de 1/4-Finallen

Mat enger héijer Intensitéit si béid Ekippen an de Retourmatch un der Anfield Road gestart. Vill Zweekämpf am Mëttelfeld hunn de Match bestëmmt, sou dass et e bëssen gedauert huet, bis déi éischt Golchancen entstane sinn. Virun allem vun de Reds ass den Drock op de géigneresche Gol ëmmer méi grouss ginn a sou war et an der 25. Minutt den Dominik Szoboszlai, deen no engem Corner den 1:0 fir d’Lokalekipp schéissen an domat am grousse Ganzen nees de Spillstand egaliséiere konnt. Liverpool war weider déi besser Ekipp, huet kuerz virun der Paus awer den 2:0 verpasst, well de Mohammed Salah bei engem Eelefmeter vum staarken Cakir am Gol gestoppt gouf.

Den zweete Gol vum Match sollt dann awer net laang nom Säitewiessel falen, well d’Haushären no der Paus direkt weider gemaach hunn. No engem Zesummespill iwwer e puer Statioune war den Hugo Ekitiké de Buteur vum 2:0. Liverpool war elo net méi ze stoppen an nëmmen zwou Minutten drop konnt de Ryan Gravenberch weider op 3:0 erhéijen an domat schonn een éischte Schrëtt a Richtung 1/4-Finall maachen. Spéitstens nom 4:0 duerch de Mohammed Salah war dann den Deckel drop. Galatasaray krut sech virun enger euphoriséierter Kuliss net méi erholl a muss sech um Enn géint en ze staarkt Liverpool geschloe ginn.

Déi bescht Zeene vum Match Liverpool géint Galatasaray
Wärend de Gaascht ufanks nach dogéinthale konnt, huet sech mam Verlaf vum Match ëmmer méi d’Klass vu Liverpool gewisen

Bayern - Atalanta Bergamo 4:1 (10:2)
1:0 Kane (25'), 2:0 Kane (54'), 3:0 Karl (56'), 4:0 Luis Diaz (70'), 4:1 Samardzic (85')

De Resumé vum Match Bayern géint Atalanta
Wéi schonn am Allersmatch hunn d’Bayern och de Retourmatch géint Atalanta dominéiert

Tottenham - Atlético Madrid 3:2 (5:7)
1:0 Kolo Muani (30'), 1:1 Alvarez (47'), 2:1 Simons (52'), 2:2 Hancko (75'), 3:2 Simons (90+1')

De Resumé vum Match Tottenham géint Atlético
Trotz enger knapper 2:3-Defaite konnt sech Atlético fir d'1/4-Finalle qualifizéieren

Barcelona - Newcastle 7:2 (8:3)
1:0 Raphinha (6'), 1:1 Elanga (15'), 2:1 Bernal (18'), 2:2 Elanga (28'), 3:2 Yamal (45+7'), 4:2 Fermin (51'), 5:2 Lewandowski (56'), 6:2 Lewandowski (61'), 7:2 Raphinha (72')

De Resumé vum Match FC Barcelona géint Newcastle
No engem Spektakel mat am Ganzen néng Goler konnt sech den FC Barcelona den Ticket fir d'1/4-Finalle sécheren.


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO