
Forbes, Oxfam, Weltbank an UBS-Weltverméigensreport hu just virum Weltwirtschaftsforum zu Davos hir Etüden iwwert d’Entwécklung vum Weltverméigen eraus bruecht.
An der internationaler Press hunn ech zwee Artikele mat Anekdoten zu dësem Thema gelies. Ech muss dat hei erëmginn, jiddereen soll wëssen, wat de Moment an der Weltpolitik ofleeft.
A Kalifornien huet d’Gewerkschaft aus der Gesondheetsindustrie gefuerdert, dass all Awunner vu Kalifornien mat engem Verméige vun iwwert enger Milliard Dollar eng eemoleg Steier vu 5 Prozent bezuele soll. Domat soll en 100-Milliarde-Lach gestoppt ginn, dat den Trump bei Kierzunge bei der Krankeversécherung an de staatleche Liewensmëttel-Hëllefe provozéiert huet. 5 Prozent eemoleg fir d’Allgemengwuel an 200 räich Leit sollte si bezuelen.
Eng Partie Milliardäre sinn averstan, e groussen Deel huet awer viraussiichtlech säi Wunnsëtz aus Kalifornien an aner US-Staate verluecht, wou et esou eppes net gëtt. Et ginn entretemps Millioune vu Leit an den USA, déi sech keen Iesse kënne leschten.
No engem Joer Trump sinn an den USA Präisser explodéiert, et herrscht Angscht viru Repressiounen, d’Wunnkäschte sinn explodéiert, eng Krankeversécherung ass kaum nach ze bezuelen.
Den Trump huet eng Muechtkonzentratioun tëschent Politik a Grousskonzerner erbäi gefouert, no sengem Frënd Putin sengem Virbild, eng reegelrecht Oligarche-Wirtschaft.
Den Trump ass de lukratiivste President an der amerikanescher Geschicht. Hien huet a kierzter Zéit säi Verméige vervillfacht.
“Make America great again”. Musk, Bezos, Zuckerberg, Thiel a vill anerer “lassen grüßen”.
3.000 Milliardäre weltwäit besetze bal 20 Billiounen US$. Zanter 2020 si se inflatiounsberengegt ëm 80% méi räich ginn. Gläichzäiteg lieft bal d’Hallschent vun der Weltbevëlkerung an Aarmut. Di 12 Räichsten hu méi Geld wéi 4 Milliarde Mënschen. An dës Schéier geet wieder auserneen.
Déi wirtschaftlech Muecht vun de Milliardären ass och eng politesch Muecht.
De Räichtum op der Welt soll also net méi gerecht verdeelt ginn!?
Di Lëtzebuergesch grouss Steierreform kéint hei eng liicht Korrektur beweisen.
Dat Wuert “Allgemengwuel” gëtt et awer net méi. Dat Wuert “Solidaritéit” gëtt et nach just bei de Gewerkschaften.
Wann der also elo zefridde sidd, da kann ech iech nach en Iesse beim Donald Trump empfeelen. E Gruppendinner kascht 1 Millioun $ oder besser e perséinlecht Treffen fir 5 Milliounen,
Also “Bon Appétit”.