
D’Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der Infirmièresassociatioun ANIL a selwer Mamm, kuckt dobäi op international Entwécklungen, op d’Situatioun vun den Infirmièren an den USA an hei zu Lëtzebuerg, an op d’Roll vun enger staarker Fleegeprofessioun an eiser Demokratie.
E scheinbar banaalt Thema, wat am Alldag mat menger Duechter opkomm ass, war d’Fro: Muss ech an d’Schoul? Kann ech net mat dir heiheem bleiwen an einfach nëmme spillen?
Ech hu menger Duechter du probéiert ze erklären, wéi wichteg et ass, dass hatt selwer liese kann, an net vun iergendengem (Mann) ofhängeg ass, fir virgelies ze kréien.
Am Buch “Good Night Stories for Rebel Girls” hunn ech him Owes dräi Geschichte vu Frae virgelies, déi sech fir Rechter vun de Fraen agesat hunn. En Asaz, dee se net seele mat hirem eegene Liewe bezuelt hunn.
Mir hunn den, onerwaart emanzipatoreschen, Barbie-Film schonn e puermol gekuckt. Et ass, leider, eng zimmlech verreckt Virstellung: am Barbie-Land ass de Ken sou onwichteg, dass ee mol net weess, wou e wunnt. D’Barbien spille Volleyball an d’Kens feieren se un a stelle kaalt Gedrénks prett. Eng Fra ass Presidentin, d’CEOe si selbstverständlech weiblech an Nobelpräisser gi selbstverständlech u Fraen...
Ech war mat menger Duechter um Fraestreik. D’Police, déi d’Strooss fir Frae mat mauvem Damp an Trommelen a Plakater ofspäert, dat war en Erliefnis, deen denken ech beim him hänke bliwwen ass.
Duerch eis Gespréicher huet et, denken ech, verstanen, dass en sech haut nach fir d’Fraenrechter muss asetzen, well se engem och schnell nees fortgeholl kënne ginn, wéi et d‘Entwécklungen an den USA weisen.
Do erlieft den Infirmiersberuff, deen zu 80 Prozent aus Frae besteet, grav Réckschrëtter: D‘finanziell Ënnerstëtzung fir d’Infirmièresformatioun gouf kuerzfristeg gestrach. Dëst well Gebuertenzuel an den USA e Rekorddéif erreecht huet. Frae géingen, der Trump-Regierung no, ze laang studéieren an dowéinst manner/ze spéit Kanner kréien. Statt d‘Familiefrëndlechkeet vun esou Formatiounen ze promouvéieren, gëtt e Beruff geschwächt andeem 80 Prozent Frae schaffen. An dat an engem Land, dat sou fortschrëttlech war, dass et scho virun 100 Joer déi éischt Doktorater fir Infirmièren ugebueden huet.
An och hei zu Lëtzebuerg kritt ee bei den aktuelle Reforme vum Gesondheetsministère bal den Androck: De Gesondheetsministère well d’Penurie un Infirmièrë “léisen”, andeems en, den Infirmiersberuff selwer ofschaaft.
Trotz de negativen Avise vun der Infirmièresassociatioun ANIL, soll de Gesetzesentworf vun enger grondleeënder Reform vum Infirmiersberuff, sou wéi en ass, un de Conseil du Gouvernement goen.
Eppes, wat ee bei de Staatsbeamten ni géing maachen!
Fakt ass: E Groussdeel vun den Infirmièren huet zu Lëtzebuerg nu mol kee Walrecht. An ech kréien ëmmer nees den Androck, dass dat Jiddereen arrangéiert.
Wann een elo bedenkt, dass grad fleegebedierfteg Leit, déi sech net méi sou einfach deplacéiere kënnen, och nach Schwieregkeeten hunn, vun hirem Walrecht Gebrauch ze maachen (Walflicht besteet och just bis 75 Joer), da gëtt engem bewosst, dass eng staark Demokratie, eng staark, selbstbestëmmt Fleegeprofessioun brauch!
Well, eng professionell Fleeg ass kee Luxus! Ouni si kennen d’Mënscherechter net respektéiert ginn. Si garantéiert d’Mënschewierd, d‘Participatioun an d‘Gerechtegkeet an enger moderner Gesellschaft! Wäerter, déi an autoritäre Länner net méi vu Bedeitung ze si schéngen.