An zwee Policeween gerannt a Beamte liicht blesséiertZwou Persounen no Course-poursuite zu Keel festgeholl, Déif an der Stad an zu Rëmeleng gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Um CR166 tëschent Schëffleng a Keel koum et en Dënschdeg den Owend zu enger Course-poursuite tëschent der Police an engem verdächtege Gefier.
© Laurent Weber

D’Police war dem verdächtege Won Richtung Téiteng nogefuer. Deen Auto ass dobäi an zwee Policeween gerannt an huet bal eng Rei Accidenter provozéiert. Bei der leschter Kollisioun mat engem Policewon sinn déi zwou Persounen aus dem flüchtege Won ze Fouss fortgelaf. D’Police huet se kuerz drop bei enger Tankstell erwëscht. Wärend der Course-poursuite hunn déi Verdächteg eng schwaarz Tut aus dem Won gehäit. D’Drogen, déi do dra waren, konnte séchergestallt ginn. Am Auto goufen nach weider Droge fonnt. Alles gouf confisquéiert. Beim Virfall ass ee Policebeamte liicht blesséiert ginn.

Op Uerder vum Parquet koumen déi zwee Männer, bei deenen en Drogentest positiv verlaf war, virun den Untersuchungsriichter, deen en Haftbefehl decidéiert huet.

Dann hat d’Police et och mat Leit ze dinn, déi aus Geschäfter geklaut haten, sou zum Beispill e Mëttwoch am Nomëtteg zu Rëmeleng. E Mann hat hei versicht, eng Rei Alkoholfläsche matgoen ze loossen, wärend seng Komplizen um Parking op hie gewaart hunn. De Mann gouf vun enger Patrull gestallt an d’Fläsche goufe saiséiert. Eng Sich no den zwee Kolleege vum Mann ass negativ verlaf.

Am fréien Owend dann en Déifstall aus engem Geschäft zu Märel, wou eng ganz Rei Artikele geklaut goufen. Och hei ass de presuméierten Déif gestallt ginn an déi geklaute Géigestänn goufe saiséiert. En Drogentest beim Mann ass positiv verlaf an et gouf Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO