Commentaire vum Claude ZeimetzRefugees not welcome

Claude Zeimetz
Loftalarm, Dag an, Dag aus. Dronenattacken, Doud an Zerstéierung, Leit, déi an äiseg kalen an däischtere Wunnengen hausen. Dat ass d’Situatioun den Ament an Deeler vun der Ukrain, wou de russeschen Ugrëffskrich dës Woch an dat fënneft Joer gaangen ass. An offizielle Riede bleift d’Ënnerstëtzung fir Kiew ongebrach, well d’Ukrain zanter véier Joer elo scho fir eis Fräiheet matkämpft, gëtt gesot. An der Realitéit ass dat awer net ëmmer sou eendeiteg. Wann en Zermürbungskrich op Repressiounspolitik trëfft. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
© RTL

Commentaire vum Claude Zeimetz

D’Regierung vum Luc Frieden benotzt zwar gär de Slogan vun enger Politik mat “Häerz a Verstand” an de Léon Gloden gëtt jo och als Inneminister net midd, sech fir den Erhalt vu Schengen anzesetzen. Mä do, wou eis däitsch Noperen aus innepoliteschen Iwwerleeunge raus hir national Grenzen zanter September 2024 verstäerkt kontrolléieren, setzt Schwaarz-Blo bei eis, aus de selwechte Grënn, op Repressioun an der Immigratiounspolitik. A sou wërft den CSV-Inneminister, wéi de Friedrich Merz viru Méint schonn, ganz oppen d’Fro op, ob d’Ukrainer dann net bei sech am Land misste bleiwe fir ze kämpfen. An dat nëmmen e puer Deeg virum Joresdag vum Ufank vum russeschen Ugrëffskrich.

Kritesch Reaktioune si gréisstendeels ausbliwwen. Mat Ausnam vun zwee Journalistekolleegen, vum Flüchtlingsrot a Vertrieder vun den Ukrainer selwer, déi sech natierlech virun de Kapp gestouss fillen. Et war zwar Fuesvakanz, mä Pardon: Et hätt ee sech do zwar méi erwaarde kënnen. Et stëmmt. Zanter datt d’Ukrain d’Ausreesrestriktioune fir jonk Männer vun 18 bis 22 Joer Enn August zejoert opgehuewen huet, hu méi Leit an Europa Schutz gefrot. Den akute Personalmanktem an der ukrainescher Arméi ass e grousse Problem an et gëtt Berichter vu gewaltsame Rekrutéierungsmethoden a souguer Entféierungen, fir Leit un d’Front ze kréien. Mä vun enger Masseflucht an de Grand-Duché, wéi dem Léon Gloden seng Ausso suggeréiert, kann awer keng Rieds goen. Zu Lëtzebuerg hu vu September bis November zejoert all Mount iwwer 100 Ukrainer “temporäre Schutz” gefrot. Dat sinn der méi wéi virdrun. Mä am Dezember gouf et awer grad mol 61 Demanden an och schonn ier déi nei Reegel a Kraaft getrueden war, hunn am Januar an am Juli zejoert iwwer 100 Persounen aus der Ukrain Schutz bei eis gefrot.

An effektiv. Wie si mir, fir aus eise waarme Stuffen eraus Leit Lektiounen ze ginn, si sollten dach wgl. fir hiert Land, an Europa gefällegst mat, de Kapp géint d’Russen duerhalen, wann d’Europäer selwer net deen néidege Support opbrénge kënnen?

A genee sou geet dem Kreml seng Zermürbungstaktik op.

Firwat soss stellt et de Léon Gloden elo esou duer, wéi wann déi zousätzlech ukrainesch Männer därmoossen Drock op eis Asylstrukture géife maachen? Deen Drock ass zanter Joren do an et gëtt, och wéinst den deels desastréisen Zoustänn vun den Haiser, net manner. Dat alles hätt d’Press net nëmme gär selwer gesinn, mä op d’mannst e Méindeg mam zoustännegen DP-Integratiounsminister Max Hahn bei der Visitt vun eenzelen Strukture fir Asyldemandeuren diskutéiert. Mä deen huet sech hannert zouene Fënsteren am Auto laanscht d’Journaliste chaufféiere gelooss. Ouni och e Pipcheswuert ze soen.

Sou wierklech gär schwätzt de liberale Minister souwisou net iwwert den Zoustand vun den ONA-Strukturen. Wuel, well hie selwer weess, an dat och zougëtt, datt et do näischt schéin ze schwätze gëtt. Tatsaach ass: D’CSV-DP-Regierung fiert ganz bewosst méi e repressive Kurs an der Immigratiounspolitik. Och vläicht aus Angscht, sech d’Reprochen unhéieren ze missen, si géife méi fir Refugiéë maachen, wéi fir déi eege Leit, deenen et net gutt geet. Sou een Ongerechtegkeetsgefill, och wann et net ëmmer objektiv begrënnt ass, ass Gëft fir den Zesummenhalt. Mä et ass déi lescht Joren, duerch déi akut Wunnengskris, just weider gewuess. A well et do nach ëmmer un der néideger politescher Determinatioun feelt, hëlt d’Regierung léiwer verdrecksten Duschen a verstoppten Toiletten an iwwerfëllte Flüchtlingsstrukturen a Kaf, déi scho laang hätte missen zougemaach ginn.

E Mëttwoch hat e Kollektiv vu Perséinlechkeeten aus der Zivilgesellschaft an engem oppene Bréif d’Regierung opgefuerdert, se misst eng offiziell Wunnengskris ausruffe wéinst dem akute Manktem un abordabele Wunnengen. Wat d’Situatioun vun den ukrainesche Männer betrëfft, ass den DP-Ausseminister en Donneschdeg de Moien bei eis am Interview e bësschen op Distanz zu senge Regierungskolleege gaangen. Soulaang d’Ukrain selwer net hir Gesetzer ännert, sollt Europa, a Lëtzebuerg scho guer net eleng, do net méi restriktiv ginn.

Den Interview mam Ausseminister Xavier Bettel als eisen Invité vun der Redaktioun fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO