Commentaire vum Carine Lemmer"Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn..."

Carine Lemmer
D'lescht Joer gouf et an enger ganzer Rei Gemenge Kaméidi a Problemer. Hesper, Dippech, Sandweiler, Conter, Wolz oder Bech si Beispiller, wou ëffentlech gestridde gouf a wou och deels de Buergermeeschter oder d'Buergermeeschtesch an och Schäffen, hu missen zrécktrieden. Läit et um Eenzelen? Feele Kompetenzen? Oder léisst de System ze vill Feeler zou? D'Carine Lemmer bréngt an deem Kontext mol nees eng Kéier d'Iddi vun enger Territorialreform op den Dësch.
© RTL

Lëtzebuerg huet 100 Gemengen. Dat sinn der ze vill fir déi kleng Fläch vun 2.586 km2. Dat soen net just ech, mä d’Politik diskutéiert dat zanter Joerzéngten. Et sinn 100 eenzel Verwaltungen a Gemengeréit, déi deels eleng (mä just am Syndikat) d’Servicer net méi kënne fir hir Bierger offréieren.

Commentaire vum Carine Lemmer

D’Chamber wëll elo de Statut vum Deputéierte moderniséieren. Et soll e “Vollzäit-Beruff” ginn. Keng 20 Stonne méi, mä 40 Stonnen. D’Duebelmandater – also Deputéierten a Buergermeeschter zum Beispill - ginn awer warscheinlech net op de Leescht geholl. Do ginn d’Positioune vun de Parteien nämlech auserneen. Nom Motto: wat eng Partei méi Député-mairen oder Schäffen huet, wat se manner fir eng Trennung vun de Mandater ass.

Déi joerzéngtelaang Iddi gëtt also warscheinlech alt nees net ëmgesat. Genausou wéi déi vun der gudder aler Territorialreform. Well déi kéint derfir suergen, datt Gemengen duerch Fusioune méi professionell gefouert ginn, eeben och well et der manner gëtt. Och wa wuel bemierkt eng aner territorial Opdeelung vum Land net all Ego-Problem, perséinlech Ambitiounen oder e schlechte Stil vun engem Gemengepolitiker kann opfänken.

D’Iddi, fir d’Land anescht a verwaltungsméisseg méi effikass opzedeelen, ass net nei. Virun iwwer 20 Joer - 2003/2004 - wollt den deemolegen CSV-Inneminister Michel Wolter mat senger IVL-Etüd Land a Leit zum Iwwerleeë beweegen, wéi ee Lëtzebuerg verkéiers- a landesplanungstechnesch besser kéint opstellen. 118 Gemenge gouf et deemools an d’Feststellung, datt et ze vill kleng Gemenge gëtt. Déi mat manner wéi 3.000 Awunner, wou nom Majorzsystem gewielt gëtt, misst een iwwerdenken.

Trotz allem gouf weider op fräiwëlleg Fusioune gesat. 2017, 2018 huet alt nees d’CSV - dës Kéier mam Claude Wiseler als Spëtzekandidat - en neien Ulaf geholl. Mä och hie sollt sech d’Zänn un deem Sujet ausbäissen. De “Plang fir Lëtzebuerg” huet eng nei territorial Opdeelung virgesinn, just nach 60 Gemengen, an iwwer déi nei Landkaart sollt dann en nationale Referendum gemaach ginn. D’CSV ass zwar bei de Wale stäerkste Partei bliwwen, mä huet gläichzäiteg och Sëtz verluer an d’Dräierkoalitioun konnt weider maachen.

Do sti mer also haut. Mat 100 Gemengen. Fusioune si fräiwëlleg an deels enorm komplizéiert, cf. Nordstad. Si gi finanziell encouragéiert, mä net vun uewen erof “gepusht”. Zanter 2004 koum et zu 14 Fusiounen. Vun enge ronn 70, déi mol an engem Reformpabeier vum fréieren CSV-Inneminister Jean-Marie Halsdorf festgehale goufen, si mer wäit ewech.

Vill kleng Gemenge wëllen also bleiwe wat se sinn. De Mënsch deet sech ganz schwéier mat Verännerungen. Vill Leit fäerten e Verloscht vun Identitéit oder engem Heemechtsgefill. A reagéieren allergesch, wann eppes “vun uewen erof” diktéiert gëtt. De Mënsch tendéiert och derzou, den aktuellen Zoustand ze iwwerbewäerten, souguer wann en Nodeeler huet. Nom Motto: Et weess een, wat een huet, mä et weess een net, wat ee kritt.

Dat ass och alles ze verstoen, mä d’Gemengegrenzen dierfen net op éiweg zur Mauer am Kapp ginn an de Fortschrëtt a méi Professionalitéit blockéieren.

Back to Top
CIM LOGO