
D’Chamber ass keng Spillplaz
Dobäi hätt et esou gutt kënne lafen.
No de Chamberwale ware se zu dräi um Krautmaart. Nee, et war net dat Resultat, vun deem deen een oder anere Pirat gedreemt hat. Dem Politimonitor no hätt d’Partei een Ament op sechs oder souguer siwe Sëtz kënne kommen an et huet ee sech scho bëssen als “Königsmacher” gesinn. D’Momentopnam aus dem Sondage sollt net Realitéit ginn, mä et hätten trotzdeem fënnef gutt Jore kënne ginn.
Digitales, Dateschutz, Kënschtlech Intelligenz, Cyberattacken... alles Sujeten, mat deenen d’Piraten et einfach gehat hätten an der Chamber an an der Ëffentlechkeet op sech opmierksam ze maachen.
Net mat Streidereien, mä mat Wëssen a Kompetenz.
Mä gestridde gouf hannert de Kulisse scho méi laang, a wéi de Ben Polidori als ee vun den dräi Chamber-Pirate bis decidéiert huet net méi matzemaachen, konnten d’Häre Clement a Goergen sech net méi zeréckhalen. E Rousekrich, deen u Penibilitéit bal net méi z’iwwerbidde war. An doropshin d’Cour des comptes, déi an engem Spezialrapport feststellt, datt et fir 19 Prozent vun den Depensen, déi iwwerpréift goufen, keng Pièce gëtt, déi beweisen, datt déi ëffentlech Suen och am Kader vun der parlamentarescher Aarbecht genotzt goufen. Sou ass dat mat Schongkëschten, a genee déi Explikatioun gëtt engem ze denken. De Sven Clement seet als onerfueren Deputéiert hätt ee Feeler an der Compta gemaach. Ech hätt gären héieren, wat dee selwechte Sven Clement gesot hätt, wann eng aner Partei esou mat ëffentleche Suen ëmgaange wier. Vläicht e Saz wéi “soubal een et mat Steiersuen ze dinn huet, hëlt ee sech eng Fiduciare?”
Dat wier déi éischt Investitioun an eng transparent Politik gewiescht. Datt elo eng Rei Recommandatioune vun der Cour des comptes ëmgesat goufen - sorry dofir gëtt et keen Applaus, well dat war wéi et schéngt batter néideg. Mä hunn “d’Jongen an der Chamber”, wéi de Parteispriecher Starsky Flor de Sven Clement an de Marc Georgen nennt, wierklech verstanen, ëm wat et geet?
Just ier de Rechnungshaff säi Spezialrapport verëffentlecht huet, huet de Marc Goergen nach an de soziale Medien e Post publizéiert, deen een zweiwele léisst. Dodra lëscht den Deputéierten op, wat d’Piraten alles esou opgedeckt hunn (dat muss an där Zäit gewiescht sinn, an där se scho méi vu Comptabilitéit verstanen hunn.)
Do liest een dann:
“180 Milliounen Euro Filmfong, 35 Milliounen Euro geklaut beim RGTR, iwwer 100 Milliounen Euro Superdreckskëscht, 200 Millioune Satellitten an elo komme se bei eis fir de BigMac.”
Et steet alt wéinstens drënner “och mir hu Feeler gemaach a léieren draus”, mä beim beschte Wëllen, de Rechnungshaff huet Iech net wéinst 780 Euro Fast Food iwwer 5 Joer kontrolléiert. An och d’Press mécht sech kee Spaass aus puer Burger, wéi der geschriwwen hutt, mä se kritiséiert zwee Volleksvertrieder, déi d’Chamber mat enger Spillplaz verwiesselen a mat Steiersuen ëmginn, wéi wa se Monopoly géife spillen.
D’Vertraue vum Wieler an d’Politik hutt der sécher net gestäerkt. Elo op Tauchstatioun ze goen, ass och keen Zeeche vu Courage. Eng Entschëllegung bei de Wieler wier vläicht méi passend gewiescht, wéi eng kleng Auszäit. Op alle Fall ass et iergendwéi berouegend, datt dat mat der Regierung net geklappt huet a warscheinlech och sou séier net klappt.
E Pirat am Finanzministère an de Budget aus enger Schongkëscht? Léiwer net!