Commentaire vum Maxime GillenOp d’Fanger gekuckt

Maxime Gillen
A Groussbritannien huet d‘Publikatioun vu weideren Dokumenter aus dem sougenannten Epstein-Fall fir eng gréisser politesch Kris gesuergt. Net manner wéi d‘Stabilitéit vun der aktueller Regierung steet um Spill. Ma och a villen anere Länner fale Leit a méi oder manner aflossräiche Positiounen iwwert hir Relatioun mam Jeffrey Epstein. Eleng duerch dës Nouvellë kéint een d‘Flemm kréien. Eng Flemm, déi mir eis awer net kënnen erlaben, fënnt d‘Maxime Gillen a sengem Commentaire.
© RTL

D‘Revelatioune ronderëm de private Reseau u Leit mat Muecht an/oder Sue vum New Yorker Millionär Jeffrey Epstein, dee systematesch jonk Meedercher abuséiert a prostituéiert huet, kënnen ee wierklech verzweiwele loossen. Datt hien dës Kontakter gesammelt huet wéi Panini-Billecher, ass eng Saach. Ma datt all déi Leit dat matgemaach hunn an dacks och nach Vakanze schenke gelooss hunn, privat Prêten akzeptéiert hunn oder vu berufflechen Opportunitéite profitéiert hunn, ass erstaunlech. De Schued fir d‘Vertrauen an déi Leit, déi eis op politeschem oder diplomateschem Plang vertrieden, ass enorm.

Commentaire vum Maxime Gillen

Do derbäi kommen d‘Noriichten aus de Krichsgebidder vun dëser Welt, déi et schwéier maachen, nach un dat Gutt am Mënsch ze gleewen. Genee wéi en US-President, deen Dausende Leit duerch eng Immigratiounsmiliz aus dem Land geheie léisst. Et ass normal, datt een do d‘Flemm kritt, wann een d‘Noriichte kuckt, liest a lauschtert.

Gläichzäiteg kënne mir eis déi Flemm awer net leeschten. Déi Leit, déi un der Muecht sinn, mussen nämlech am A behale ginn. Et gëllt opzepassen, den Drock héich ze halen a wann et haart op haart kënnt, och aktiv ze ginn. Beispiller dofir goufen et déi lescht Jore genuch. Déi massiv Oppositioun an den USA géint d‘Methode vun den ICE-Agente géint Migranten hunn op d‘mannst dofir gesuergt, datt d‘Regierung an hirer Rhetorik e bëssen huet mussen zeréckrudderen. D‘Ukrainer sinn zu Zéngdausenden op d‘Strooss gaangen an hu mat hire Protester esouguer dofir gesuergt, datt e Gesetzesprojet zeréckgezu gouf, deen d‘Onofhängegkeet vun den Anti-Korruptiouns-Autoritéite sollt limitéieren.

An och elo an der Suite vun den Epstein-Files mussen eng ganz Rei Leit den Hutt huelen, well si net méi den néidege Support an der Populatioun hunn. De fréiere franséische Kulturminister Jack Lang ass vu sengem aktuelle Posten un der Spëtzt vum Institut du monde arabe zeréckgetrueden, well kloer ginn ass, wéi enk seng Relatioune mam Epstein waren. Och eng norwegesch Top-Diplomatin huet demissionéiert, well si am enke Kontakt mam Epstein soll gestanen hunn. Hir zwee Kanner hunn esouguer 10 Milliounen Dollar vum Epstein geierft.

Dat fir ze weisen, datt eleng den ëffentlechen Drock duergeet, fir Leit mat Pouvoir Limitten ze setzen. Ma dat geet nëmmen esou laang, wéi mir kucken, wat dës Elite mécht, eis informéieren, de seriöe Medie gleewen an am Zweiwelsfall och dofir op d‘Strooss ginn.

D‘Noriichten aus aller Welt ginn engem heiansdo d‘Gefill näischt kënnen ze maachen. Ma mir hu méi Muecht, wéi mir mengen. Virun allem wa mir eis zesummendinn.

Back to Top
CIM LOGO