Commentaire vum Diana HoffmannZanter dëser Woch op Kredit: Wuelstand, Responsabilitéit an den Overshoot Day

Diana Hoffmann
Zanter en Dënschdeg wieren déi natierlech Ressourcen op der Welt opgebraucht, wa jiddereen esou géing liewen, wéi mir hei zu Lëtzebuerg. Dat soe Berechnunge vum Global Footprint Network. Lëtzebuerg bräicht 7,7 Äerde pro Joer fir säi Besoin un Energie a Ressourcen z'erfëllen. E Commentaire vum Diana Hoffmann.
© RTL

Den Overshoot Day ass deen Dag, op deem eis virgerechent gëtt, dass mer ekologesch gesinn, iwwerzunn hunn. D’Äerd huet gi wat se konnt – vun elo u liewe mer op Kredit. En Datum, dee méi Wierkung huet wéi iergendeng Grafik a laang Reportagen. Jidderee versteet: “Vun haut un ass Schluss”. Reagéiert gëtt dacks mat enger Mëschung aus Iwwerraschung an enger Resignatioun, déi een u sech esou just vun Neijoerschfeier kennt.

Hei am Land ass an deem fiktiven Zenario zanter dëser Woch Schluss. Géing jiddereen esou liewe wéi mir, wieren déi natierlech Ressourcë lo fort. Dat ass eng onkamoud statistesch Feststellung. E Land mat enger héijer Kafkraaft, héijem Energieverbrauch an engem Geschäftsmodell, deen op bëllege Sprit setzt, produzéiert gezwongenermoossen en iwwerduerchschnëttleche Foussofdrock. Den Tanktourismus ass dobäi kee Phänomen um Bord mee en Deel vun der ekonomescher Realitéit. Wien hei tankt, léisst Emissiounen a Ressourcëverbrauch am nationale Bilan zréck, och wann en op der anerer Säit vun der Grenz lieft.

Et kann een natierlech festhalen, dass esou Calculle Saache vereinfachen an d’Methodik an Zweiwel zéien. Global Duerchschnëttswäerter verwëschen Ënnerscheeder. Mee wien den Overshoot Day eleng als Rechentrick gesäit, verwiesselt Moossinstrumenter mat Diagnos. Den Debat iwwer d’Chifferen ännert um Enn näischt um Trend. De Kredit zu Laaschte vun den nächste Generatioune geet erop, onofhängeg dovun, ob mer frou mat der Compta sinn.

Fir Lëtzebuerg stellt sech dowéinst eng grondsätzlech Fro: Wëlle mer e Modell verdeedegen, dee statistesch reegelméisseg un d’Grenze vum Planéit stéisst? Oder gesi mer den Overshoot Day als Hiweis, dass Wuelstand a Ressourcëverbrauch nei ausbalancéiert musse ginn?

Den Dag ass kee Weltënnergang an och keen Naturgesetz. Et ass eng Rechegréisst a kann deemno verännert ginn. Duerch politesch Decisiounen, technologesch Innovatiounen a verännert Gewunnechten. Den Iwwerschoss-Dag ass d’Zomm vun eisem Alldag. En ass am vollgetankten Auto, am spontane Weekendtrip am nächste Pak virun der Hausdier. A grousse Wunnengen, am héije Fleeschkonsum an an der Selbstverständlechkeet, mat där d’Energie zu all Ament disponibel ass. En ass an eiser Sich no Gléck duerch séiere Konsum.

Zesummegefaasst: E stécht am Liewensstil. An der individueller Nofro an net just an der Statistik.

E klengt Land kann d’Welt eleng net retten. Individuell Geste vum Verzicht och net. Mee e strukturelle Wandel ass ouni verännert Gewunnechte knapps denkbar. Lëtzebuerg a seng Leit kënnen also decidéieren: Wëllt ee Virreider ginn oder e schlecht Beispill bleiwen?

Back to Top
CIM LOGO