
D’Spatzen hu scho laang vun den Diech gepaff, datt et Changementer an der Regierung soll ginn, mä wéi de Premier Enn November bei eis am Background war, huet hie klip a kloer gesot, dat wier net virgesinn an et wier an deenen Zäiten an deene mer sinn net den Ament, fir Regierungsëmbildungen ze maachen. Elo si mer zwou Woche méi spéit, den Aarbechtsminister ass en aneren an de Sportsminister net méi dee selwechten. Sou séier geet et.
Lo kann een natierlech gleewen, datt de Premier an CSV-Parteipresident virun zwou Wochen nach guer näischt vun enger Demissioun wosst an de Georges Mischo effektiv de Weekend vun Niklosdag decidéiert huet, d’Bengele bei d’Tromm ze geheien, et muss een awer net. Vläicht war d’Aarbechtsatmosphär am Regierungsrot iwwerhaapt net esou gutt, wéi de Luc Frieden dat nach déi Woch virdrun hei am Background behaapt huet? Vläicht huet et do geknuppt an de Chef huet decidéiert, deen Aascht, dee scho sou dacks fir Krazen an Téitsche gesuergt huet, elo definitiv ofzeseeën.
“Wann et eescht gëtt, muss ee léien”, hat de Jean-Claude Juncker gesot. Et war eng Ausso am Kontext vun de Finanzmäert, mä wie weess wéi eescht d’Situatioun hei ass? Wat wier méindes an der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun eraus komm? Fir d’Oppositioun ass den Dossier “Sportsmusée” sécher net vum Dësch, mä d’Regierung, oder soe mer d’Partei vum Premier, huet sech op d’mannst Zäit verschaf an egal wéi eng Konsequenzen de gestoppte Projet kritt, dono kann een ëmmer soen, datt déi personell Konsequenzen jo scho geholl sinn.
Den neien Aarbechtsminister Marc Spautz muss elo mol fir d’alleréischt kieren ier e richteg ka lass leeën. De ganze Parzeläin, deen déi lescht zwee Joer futti geschloe gouf, muss fort an da kann een am neie Joer e Kaffi mat der Gewerkschaftsfront drénken an am beschte Fall eng Vertrauensrelatioun opbauen. Bei engem Minister mat gewerkschaftlechem Hannergrond kann een optimistesch sinn, datt dat och geléngt. Allerdéngs ass de Koalitiounsprogramm nach ëmmer dee selwechten an och wann deen neie Minister am Ëmgang mat de Gewerkschafte méi Fangerspëtzegefill huet, muss de Marc Spautz dee Programm ëmsetzen.
Et kritt ee gesot, et géif Sputt fir Interpretatiounen, mä d’Fro ass, ob et deen och beim Premier gëtt. Am anere Fall dierften d’Deeg vun der grousser Freed séier gezielt sinn. Egal wéi gëllt et no vir ze kucken a wat gesäit een do? Eng CSV Gesondheetsministesch, déi en Deel vun den Doktere gelueden huet, d’Kolleegen aus dem Tageblatt schreiwe vun engem miserabelen Aarbechtsklima am Ëmweltministère, wou jo och en CSV-Mann d’Soen huet an e Regierungschef, deem nach laang net jidderee gleeft. An der Hallschent vun enger Legislaturperiod ass et warscheinlech kee Beebroch, wann een net de beléiftste Politiker ass, mä wann een op eemol seng Credibilitéit an domadder d’Vertraue vun de Wieler verléiert, ass et den Ufank vum Enn an et riskéiert ee Wieler u Parteien ze verléieren, déi ee guer net stäerke wëll.
D’Stéphanie Weydert vun der CSV sot e Samschden am Background, datt elo erëm neien Ueleg am Motor ass...Fir bei deem Bild ze bleiwen, kann ee just fir déi Chrëschtlech-Sozial hoffen, datt et mat e bëssen Ueleg gedoe ass an datt d’Kar net schonn esou wäit am Dréck stécht, datt se net méi vum selwen do eraus kënnt.