Commentaire vum Michèle SinnerHien, deem säin Numm net däerf genannt ginn

Michèle Sinner
D’lescht Woch huet d’Cour supérieure de Justice confirméiert, datt d’Lëtzebuerger RTL-Medien den Numm vum Schëllegen net méi däerfen nennen, deen de Membere vun der fréierer Bréifdréieschgewerkschaft ëmgerechent ronn 14 Milliounen Euro geklaut hat. Dat misst eis all opreegen, iwwert den eenzele Personnage eraus, fënnt d’Michèle Sinner a sengem Commentaire.
© RTL

Déi juristesch Affär ass 2017 an d’Rulle komm mat engem historesche Reportage iwwert de Skandal. Do dra koumen e puer Affer zu Wuert. Och de Schëllege war deemools gefrot ginn, sech ze äusseren, wat hie refuséiert huet. Hien huet doropshin ouni Succès versicht, d’Diffusioun vum Reportage virum Schnellgeriicht ze verhënneren. Am Reportage affirméiert den deemolege Procureur général d’état adjoint Jeannot Nies mat “guddem Gewëssen”, et wier dee bis dohi gréisste Bedruchsskandal vun der Lëtzebuerger Nokrichszäit gewiescht. “Et waren d’Sue vu klenge Leit, déi hinne vun hirem Kolleeg geklaut goufen”, esou de Jeannot Nies. Den Enquêteur vun der Police confirméiert, datt den Här N. als eenzegen Zougrëff op de beklaute Kont hat. D’Conclusioun ass kloer: Ouni hie kee Bedruch, kee Skandal.

De Commentaire vum Michèle Sinner

De Reportage war faktuell korrekt. Ma op Uerder vun der Justiz däerfe mir iech, eisem Public, an Zukunft elo net méi déi ganz Wouerecht soen, all Fakte liwweren. Mam Argument, dem Mann säi Recht op Privatliewen elo als Pensionär wär méi gewiichteg, wéi eis Liberté d’expression - an accessoirement dem Public säi Recht op Informatioun.

Wann RTL sech net drun hält, kascht dat all Kéiers 7.000 Euro. Dat ass nach gënschteg; de fréiere Gewerkschaftspresident wollt all Kéiers 100.000 Euro.

Mir kéinte jo iwwert de Skandal schwätzen, ouni hien ze nennen, haten d’Riichter argumentéiert. Déi Informatioun wier esou laang no de Faiten, net méi relevant fir d’Berichterstattung an den Debat public, dee se fiddert. Dobäi ass d’Affär fir d’Victimmen haut nach net ofgeschloss, si hunn hir Suen nach net all erëm.

Mee doriwwer eraus misst déi Iwwerleeung all Historiker op de Plang ruffen, well wann eng Informatioun just zäitno däerf beschwat ginn, ass d’Geschicht als wëssenschaftlech Disziplin ofgeschaaft.

An dobäi geet d’Verbuet, contrairement zu deem wat d’Justiz an hirem Communiqué d’lescht Woch geschriwwen huet, iwwert de Skandal eraus. Mir däerfen de Mann guer net méi a Verbindung brénge mat der Gewerkschaft. Mir däerfen hien zum Beispill och net méi als dee Personnage nennen, deen d’Bréifdréier vun der CGFP ofgespléckt huet.

De Schutz vu sengem Privatliewen ass d’Argument fir e pauschaalt Verbuet, hie bei sengen Handlungen als ëffentlech Persoun ze nennen. Vu sengem Privatliewe war ni rieds. Wou hie wunnt oder ob en nach bei der Fra ass, dono kréit keen Hunn. Domat ass d’Dier wäit op fir d’Geschichtsfälschung. Et ass elo virstellbar, datt Politiker Deeler aus dem Récit eraus sträiche loossen, déi si aus hiren Amtszäite genéieren, fir de Schutz vun hirer “Privatsphär”.

Obschonns dat en immens wäiten Agrëff an d’Pressefräiheet ass, huet de Mann an deene verschiddene Instanzen net misse weisen, wéi seng Privatsphär iwwerhaapt verletzt wier. D’Riichter ginn einfach dovun aus, datt all hypotheetesche künftege Reportage - deem säi Contenu jo nach iwwerhaapt net bekannt ass - senger Reputatioun schued. Woubäi hien déi jo selwer futti gemaach huet. Säi Milliounebedruch war keen trageschen Accident, wat him a sengen Affer – malgré lui - widderfuer wier.

Deen Numm, dee mir net méi däerfen nennen, an do weist sech d’Absurditéit vun deem Ganzen, huet d’lescht Woch wéinst dem Arrêt nees vill Schlagzeile gemaach, well e just RTL-Medie betrëfft. En ass also weder utile nach wierksam, fir dem Mann seng vermeintlech Privatsphär ze schützen.

Ma d’Lëtzebuerger Wort hu net matgemaach bei der Solidaritéit. Am vorauseilenden Gehorsam nenne si de Mann och net méi. Dofir de Kolleegen zu Hollerech vun Häerzen e grousse Merci. Si hunn domat nämlech bewisen, wat d’Riichter vun der Cour ofgestridden hunn: Datt mat dësem wéi mat anere Prozesser mat grousse Geldfuerderungen d’Press soll ageschüchtert an am Viraus via d’Justiz zenséiert ginn, an datt dat funktionéiert. An dat ass net just e Probleem fir d’Press, mee fir jiddereen, dee sech drop verléisst, datt se an enger Demokratie hir Aarbecht mécht.

RTL huet jo an deem Kontext schonn annoncéiert, datt een d’Saach net op sech sëtze léisst, an op Stroossbuerg geet, fir d’Saach do klären ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO