Commentaire vum Marlène Clement"The Show Must Go On"

Marlène Clement
Den Donald Trump feiert 80 Joer a gënnt sech an Zäite vu multipelle Kricher, Konflikter a Krise weltwäit näischt anescht wéi ee Kampf viru senger eegener Dier. Vu sengem Image als President vum Fridden, wéi e sech selwer gären duerstellt, bleift no annerhallwem Joer Amtszäit net méi vill iwwereg, fënnt d'Marlène Clement an engem Commentaire.
© RTL

De Commentaire vum Marlène Clement

“Ech wäert keng Kricher ufänken. Ech wäert Kricher op en Enn bréngen”, hat den US-President Trump a senger leschter Walcampagne getéint. Haut wëll en dovunner scheinbar näischt méi wëssen. Eng Trotzreaktioun, well en de Friddensnobelpräis dëst Joer awer net kritt huet? Eng altersbedéngt Gedächtnislück? Jee. Ënnert engem Friddenspresident stellt ee sech op alle Fall eppes anescht vir.

Wéi ee säi Gebuertsdag feiert ass natierlech jidderengem iwwerlooss, ma datt de Republikaner fir säi ronne Gebuertsdag grad Kampfsportler ufeiert déi an engem Käfeg géinteneen untrieden a Kampfjetten iwwer d'Wäisst Haus fléie léisst, wierkt wéi ee verzweiwelte Versuch d'Muskele spillen ze loossen, an enger Zäit, an där en op der Weltbün ëmmer méi schwaach do steet.

Kuerz virun deem Spektakel oder "der beschter Show vun der Welt", wéi den US-President seng Gebuertsdagsparty nennt, huet en zwar annoncéiert et wier ee sech mam Iran eens gi fir en definitiivt Enn vum Krich, ma dee fragillen Deal als Victoire fir d’USA ze verkafen dierft schwéier ginn.

Den Donald Trump selwer schwätzt zwar - wéi soll et anescht sinn - vun engem “great Deal” deen e Freideg offiziell soll zu Genève ënnerschriwwen ginn. Vill Froe stinn awer nach op. An den Däiwel stécht wéi sou dacks am Detail.

Esou soll d'Strooss vun Hormus zwar nees fir den Transport vu Pëtrol opgoen. Wéi et schéngt, huet Teheran sech awer Fraisen ausgehandelt, déi an Zukunft ufale fir Schëffer, déi duerch déi wichteg Handelsstrooss wëlle fueren. Och zu engem Regimmwiessel koum et net am Iran. Onkloer ass iwwerdeems, wéi et mam ëmstriddenen Atomprogramm ausgesäit. Doriwwer soll zu engem spéideren Zäitpunkt diskutéiert ginn, heescht et. Wat hunn d'USA da lo no gutt dräi Méint Krich géint den Iran erreecht? Net vill, kritiséieren Experten.

An iwwerhaapt huet een d'Impressioun et géing grad alles net sou Ronn lafen, fir de selwer ernannte “Peacemaker” am Oval Office. Net nëmmen de Fait, datt säin Numm kuerz virum ronne Gebuertsdag vum Kennedy Center zu Washington vun der Fassade erofgeholl ginn ass, dierft u sengem Ego krazen, och d'Resultater vu rezenten Ëmfroen, an deene sech eng ëmmer méi grouss Onzefriddenheet bei den US-Bierger mat hirem President weist.

Signaler déi den Donald Trump gekonnt ignoréiert. Seng Blo Flecken un den Hänn gi mat Make-up iwwerdeckt. Seng Schwächte mat Entertainment. The Show must go on.

Back to Top
CIM LOGO