Commentaire vum Céline EischenWat maacht dir falsch, CSV?

Céline Eischen
D’Sonndesfro ass eng riicht an d’Gesiicht fir d’CSV. En historeschen Déif fir d’Vollekspartei aus der Mëtt, där d’Vollek et also net méi därmoossen zoutraut, de Grand-Duché mat roueger Hand duerch déi stiermesch Zäiten ze guidéieren.
© RTL

Wat maacht dir falsch, CSV?

Dat Vertrauen an d’Ekipp ronderëm den neie Luc schéngt no der Hallschent vun dëser Legislatur verspillt, dobäi schéngen d’Leit méi e Problem mat der CSV a virun allem hirem Chef ze hunn, wéi mat hirer Politik. Dat si schwiereg Viraussetzunge fir konstruktiv Gespréicher an der Tripartite, fënnt d’Céline Eischen a sengem Commentaire.

De Koalitiounspartner DP gëtt net just net ofgestrooft. Nee, déi Liberal ginn och nach fir hir Aarbecht belount. Wéi bréngt d’DP et da fäerdeg, sech vun Inflatioun, dem schlechte soziale Klima an der Logementskris net mat erofzéien ze loossen? Obwuel Ressorte wéi Wirtschaft a Logement jo och a bloer Hand sinn? A si, fir den LSAP-Deputéierte Georges Engel ze zitéieren, dem Luc Frieden seng Politik "exzellent" fannen?

Iergendwou tëscht iwwerstierzten Annoncen a punkto Pensiounsreform, déi um Enn dunn awer éischter eng "Reförmchen" war, enger grousser Anti-Regierungs-Manif, an engem faule Prestige-Projet zu Esch huet de Premier d’Leit verluer. D’Regierung huet net alles richteg, awer och net alles falsch gemaach, ouni lo hei am Detail op all Mesurë wëllen anzegoen, déi geholl goufen, oder déi verpasst goufen.

Déi gutt Resultater fir d'DP weisen nämlech: Et geet manner ëm d'Politik selwer, mee méi ëm d'Aart a Weis, wéi déi verkaf gëtt. Stéchwuert: Selfies. Déi eng kommen ebe besser eriwwer, wéi anerer. D'Politik kënnt bei de Leit am Portmonni un, mee net an hirem Kapp. De Michel Wolter huet dat bei de Kolleege vum 100,7 gutt resuméiert.

Wat maacht dir falsch, CSV? Mat dëser Fro huet sech de Generalsekretär Alex Donnersbach op eiser Antenn op alle Fall schwéier gedoen. Als treie Parteizaldot wollt hie sengem Generol d'Responsabilitéit op kee Fall ginn. Nee, et wier der CSV hir Handschrëft, déi vläicht eventuell net erkennbar genuch wier… Do huet de Michel Wolter sech méi getraut a sot riicht eraus: De Premier huet een Duerstellungsproblem.

Dat ass och den éischte Mee nees däitlech ginn. D’Gewerkschaften notzen dëse Momentum a kruten et hin, déi ganz Rhetorik esou géint hien an d’Regierung ze riichten, datt de Premier bei senger Arrivée op der 1.Mee-Feier vum OGBL ausgebut ginn ass. Eppes, wat et esou ni gouf.

Datt ee Premier op ee Proufdag bei d’Wënzer geet, amplaz um Dag vun der Aarbecht de Gewerkschafte bei hire Rieden nozelauschteren, ass och einfach net gutt. Punkt. Et bereet awer generell Suergen, wann den Toun tëscht de Sozialpartner net méi op Kompromëss aus ass, mee just nach op Konfrontatioun. OGBL an LCGB sti sech esou no ewéi nach ni – effektiv verbënnt wuel näischt esou staark wéi ee gemeinsame Feind. Mee an där Atmosphär soll et elo an eng Tripartite goen? Mat enger Regierung, déi d’Leit, op d’mannst de Sondagen no net méi hannert sech huet? Abee, bonne Chance.

Et gëtt een d’Gefill net lass, datt trotz Tripartites-Annoncen, d’Kar ze wäit am Dreck stécht.

A viru mam Jabel, soen elo déi Blo. D’DP gesäit sech an hire Vuë confirméiert. Eng Logements-Bazooka wäert also och an deenen nächsten 2,5 Jore wuel kaum kommen. An déi Blo kënne sech och mat hiren Ambitioune vun enger méi privatiséierter Gesondheetsversuergung am Land hannert dem Schutzschëld Martine Deprez verstoppen, déi d’Kritik vun de Gewerkschaften, besonnesch vum Patrick Dury den 1. Mee zolidd, an deels op eng perséinlech Aart a Weis, ze spiere krut.

Lay back and enjoy the ride: D’DP ka sech iwwer de Sondage freeën a gemittlech u Gambia 3.0 schaffen.

Back to Top
CIM LOGO