
An der Rubrik „Meenung“ vun rtl.lu goung de 5. Juli en „Oppene Bréif un d’CNEL am Kontext vum climateXchange-Schlussrapport“ online.
Dozou goufen et och Kommentaren. An engem vun de Kommentaren sinn eng Rei interessant Punkten ugeschwat ginn :

Hei drënner stinn déi original erauskopéiert Extraiten aus dem Kommentar zu den opgezielten Themen :
„Hudd dir ierch och schons déi Fro gestallt ob mir haut den ganzen Stroum selwer produzéieren (matt fossil fuels) deen mir verbrauchen? (….) Et misst vill méi duerch Kooperatioun versicht ginn “grengen” Stroum an “greng” Wärm am Ausland ze bezeien. Wéi et haut och schons geschitt. (…)
Dir soot och déi Investkäschten wären an eng héisch Miliardenzomm anzeurdnen, jo daat stemmt.
D’Etud vum Frauenhoferinstitut seet awer aus dass fir Daitschland 100% erneuerbaren Energien fir Stroum an Wärmt méiglech sin an jährlech Gesamtkosten vun 119 Mrd. EUR ausman deem géintiwwer stin 260 Mrd EUR no System wei mer haut liewen. Dir gesidd matt bestehender Technologie ass schon alles machbar ann nemmen ob besser Technologien ze waarden an an tescht naischt ze man ass net wirklech eng Optioun.
Dommader gidd dir den Lait och Hoffnung datt den bestehenden System oprecht erhaalen kann gin wann en nemmen lang genuch op nei Technologien waard. Deenen armen Schüler vun der CNEL schwätzt dir d’Kompetenz oof mee selwer hudd dir och keng Virschléi gemach.“
(Grogg 08.07.2019 14:42)
Dëse Kommentar weist ganz gutt a wéi engem Mooss de politeschen a mediale Storytelling sech an de Käpp festgesat huet. Oder e wéineg méi „brutal“ ausgedréckt : Wat eng Lige méi grouss ass, wat se offensichtlech besser geschléckt gëtt. Dofir kann ee net midd ginn ze informéieren an zum kriteschen Denken unzereegen. Jiddereen dee sech rational mat dem Sujet auserneesetzt, an dobäi konkret Zuelen an technesch Donnéeën matenee kräizt, gesäit ouni Problem dat eng Energiewend op der Basis vun de politesch gefërderten Instrumenter weder enger physikalescher, nach enger ekonomescher Realitéit entsprécht.
D’Praxis um Terrain (Beispill Däitschland) weist esouguer, dat dës Instrumenter absolut kontraproduktiv fir d’Ëmwelt an de Klimaschutz sinn.
Den Echec ass also virprogramméiert, an déi sënnlos politesch inzenéiert Energiewend mat all hire negativen Impakter riskéiert domat onweigerlech riicht op e Skandal duerzesteieren.
All ëffentlech Diskussioun iwwer dëse Sujet ass als absolut positiv ze bewäerten, dofir hei drënner elo eng Äntwert op déi Punkten, déi am Kommentar (fir deen ech Merci soen) ugeschwat ginn.
E puer Reflexiounen zu de Kooperatioune mat dem Ausland :
Dat schéngt jo eng praktesch Strategie ze sinn : de Problem ka net um eegenen Territoire geléist ginn, also gëtt en einfach mat alle Nuisancen ausgelagert. Wie wëll schonn um Lëtzebuerger Territoire zum Beispill ronn 10.000 Wandanlagen, an do derbäi Fotovoltaikparken mat der Fläch vu ronn 70.000 Fussballsterrainen, déi bei enger honnertprozenteger Energiewend noutwendeg wiere fir kënne weider ze consomméieren ewéi elo (déi Zuele si leider kee Witz, a relativ einfach ze berechnen fir 85% Undeel Wand+Fotovoltaik am Energieverbrauch).
Esouguer wa nëmmen en Zéngtel dovunner géing ëmgesat ginn, géinge mer jo dann endlech alleguer e geschlosse Vollek vu NIMBY’en ginn, dat heescht : Next Idiot Might Be You !
A mat der irrationaler Hoffnung dat zum Beispill d’Potenzial vun Offshore Wandparken onbegrenzt ass, kann een d’Illusioun vun enger machbarer globaler Energiewend weider oprechterhalen, an den ëmweltschiedlechen Ökobusiness bei sech doheem weiderlafe loossen als e Bäitrag un der „Heimatfront“.
Mee, egal ob onshore oder offshore, volatil Energien sinn iwwerall marginal, a kënne mat enger abrupt schwankender Leeschtung, déi zu kengem Zäitpunkt un de Verbrauch ugepasst ass, nëmme begrenzt an d’Stroumnetz integréiert ginn. Et ass längst nogewisen, dat bei all zousätzlechem europawäiten Ausbau vun der Wandenergie d’Volatilitéit insgesamt zouhëllt an esou de Problem vun der Integratioun an d’Netz nëmme nach verstäerkt gëtt. Dat ass e physikalesche KO Facteur fir d’Wandenergie.
Fir d’Fotovoltaik, déi och héich volatil ass a nach méi eng kleng Energiedicht huet ewéi d’Wandenergie, kënnt ee sënngeméiss zur selwechter Conclusioun.
Fotovoltaik aus Nordafrika wier eventuell méi effizient. Mee, esouguer wann all technesch a geopolitesch Problemer aus dem Wee geraumt wieren, wär et net iwwerhieflech dovun auszegoen, dat e Kontinent, deem säin eegenen Energieverbrauch nach wäert exponentiell steigen, mat eisem Energiekolonialismus muss averstane sinn ?
Wat wieren aner Optiounen fir Kooperatiounen, zum Beispill bei der Waasserkraaft ?
Norwegen produzéiert Waasserkraaft, fir säin eegene Stroumverbrauch zu engem gudden Deel ofzedecken.
Wéi iwwerhieflech wier et ze mengen se missten och domat averstane sinn, fir nach zousätzlech Fjorde mat Stauseeën ze iwwerfluten an esou natierlech Liewensraim ze zerstéieren, fir dat Lëtzebuerg an de Rescht vun Europa mat engem gudde grénge Gewësse kéint weider Gas ginn ?
Oder vläicht Kooperatioune mat „Bio“-Energien ?
A verschiddene nordeuropäesche Länner ewéi zum Beispill Lettland oder Schweden kënnt een op en héijen Undeel fir erneierbar Energië mat Biomass, haaptsächlech fester Biomass.
Wier dat elo nohalteg fir auslännesch Bëscher ze verbrenne fir dat mir zu Lëtzebuerg gréng Energie hunn ?
Oder sollen zum Beispill nach méi Reebëscher zerstéiert ginn, fir méi een héijen Undeel vu Biosprit an eisen SUVen ze hunn ?
Wéi soll dat also konkret oflafen iwwer Kooperatiounen, a wat hätt eise Planéit dovun ?
Wéi realistesch sinn „100%-Erneierbar-Etüden“ ewéi zum Beispill déi vum Fraunhofer Institut ?
Higerechent Bilanen, déi noweise sollen dat „100% Erneierbar“ machbar ass, an als Rechtfäerdegung fir den Ausbau vum Ökobusiness déngen, gëtt et effektiv méi ewéi genuch. Zu Lëtzebuerg gouf zu deem Zweck d’Rifkinstrategie opgestallt.
Mee, bei dëse Bilane stelle sech vill Froen :
De Problem vun der marginaler Energiedicht an der Volatilitéit ass net geléist a gëtt einfach ignoréiert.
Dës Etüden interesséiere sech net fir d’technesch Machbarkeet an d’Ëmsetzung um Terrain. Meeschtens ginn dës Bilanen dovun aus, dat de Problem vun enger volatiler Stroumproduktioun kompenséiert gëtt duerch den Export vu net bedarfsgerechtem volatile Stroum, an den Import vu geséchertem konventionelle Stroum bei Leeschtungsdefiziten. Bei dem héije Gläichzäitegkeetsgrad esouwuel bei der volatiler Stroumproduktioun ewéi och bei dem Stroumverbrauch an Europa ass dat awer just national-egoistescht a realitéitsfriemt Wonschdenken (cf.