Aline SchaltzWéi vill „Mateneen“ bleift fir Familljen?

Lieserbréif vum Aline Schaltz
© choreograph on Envato / RTL Grafik

Haut, um 15. Mee, ass den Internationalen Dag vun der Famill. D’Vereenten Natiounen hunn dësen Dag 1993 agefouert, fir drun ze erënneren, datt Famill eng sozial, wirtschaftlech an demografesch Funktioun huet. E gudde Moment also, fir ze froen: Wann déi geplangte Steierreform vu „Mateneen“ schwätzt – wéi vill „Mateneen“ bleift da wierklech nach, wa Famillje steierlech ausernee gerechent ginn?

Famill war ni just eng privat Gefillssaach. Si war laang och eng Plaz vu Schutz, Aarbecht, Fleeg, Altersversuergung a Kannererzéiung. Vill dovun ass haut op de Sozialstaat, Betriber an ëffentlech Institutiounen iwwergaangen. Och déi fréier Rolleverdeelung, bei där de Mann haaptsächlech fir d’Akommes an d’Fra fir Kanner, Haushalt a Fleeg zoustänneg war, ass haut vill manner virgeschriwwen. Dat huet d’Mënsche méi fräi gemaach an ass e grousse Fortschrëtt fir den Eenzelnen. Mee wann d’Famill net méi déi eenzeg Basis vu Sécherheet ass an och net méi gesellschaftlech erwaart gëtt, stellt sech eng nei Fro: Wat fir ee Wäert huet si dann nach an enger moderner Gesellschaft?

Fir mech schéngt et kloer: De Wäert vun der Famill läit doran, datt si Mënsche matenee verbënnt. De Mënsch ass keen Eenzelgänger. Hie brauch Bindung, Vertrauen a stabil Bezéiungen, fir sech z’entwéckelen, gesond ze bleiwen an zefridden ze liewen. Famill heescht, datt een net nëmme fir sech selwer denkt, mee och fir anerer asteet: fir Kanner, fir e Partner oder eng Partnerin, fir Elteren, Geschwëster oder aner no Mënschen. Hei léiert een, mat anere Mënschen ze liewen: ze deelen, nozelauschteren, Konflikter auszehalen, Kompromësser ze fannen a fir en aneren do ze sinn. Dat ass net ëmmer einfach. Famill ass net ëmmer e Schutzraum. Si kann droen, mee och belaaschten; si ka Sécherheet ginn, mee och verletzen. Dofir brauch et kloer Rechter fir den Eenzelnen, Schutz viru Mëssbrauch an d’Méiglechkeet, aus Bezéiungen erauszegoen, déi net méi gewollt sinn.

Mee grad well Famill net selbstverständlech geléngt, däerfe mir hire Wäert als Plaz vu Bindung, Verantwortung a Solidaritéit net klengrechnen. Wann eppes wichteg ass, mee net automatesch funktionéiert, da muss een d’Konditioune schafen, ënner deenen et gelénge kann. Famill brauch Zäit, Verlässlechkeet, materiell Sécherheet an e Kader, dee Verantwortung net erschwéiert, mee méiglech mécht.

Et ginn och aner Forme vu geléierter a geliefter Solidaritéit. Mee Famill ass eng besonnesch Plaz, well een sech hir net einfach entzéie kann, wann et schwéier gëtt. Si bréngt Mënschen dozou, mateneen auszehalen, Verantwortung net direkt ofzeginn an och a schwierege Momenter no Léisungen ze sichen.
 
Besonnesch kloer gëtt dat bei Kanner. Kanner brauchen net just Geld, Schoulen a Betreiungsstrukturen. Si brauchen Zäit. Si brauchen Erwuessener, déi opmierksam sinn, nolauschteren, Struktur bidden a Sécherheet ginn. Dat ass Aarbecht. Alldeeglech Aarbecht. Onbezuelten Aarbecht. Mee Aarbecht, ouni déi keng Gesellschaft funktionéiere kann. An awer rechne mir dës Aarbecht kaum mat. Dobäi ass Elteresinn haut net méi einfach ginn. Eltere stinn ënner héijem Drock: Si solle berufflech präsent sinn — am beschten allebéid Vollzäit —, de Familljenalldag organiséieren, emotional fir hir Kanner do sinn, finanziell stabil bleiwen an hinnen an enger ëmmer méi komplexer Welt Sécherheet ginn. Wien Zäit fir Kanner, Fleeg oder familiär Verantwortung hëlt, riskéiert manner Akommes, manner Karriär, manner Renterechter a manner finanziell Sécherheet.
 
Ier et modern Rentensystemer gouf, war d’Ofsécherung am Alter dacks eng familiär Aufgab: Wien net genuch Erspuernisser hat, war op seng eege Kanner oder aner Familljememberen ugewisen. Haut leeft dës Solidaritéit haaptsächlech iwwer de Sozialstaat. Mir sinn also net méi direkt op eis eege Kanner ugewisen, mee op déi nächst Generatioun insgesamt, déi d’Systemer matdréit.

Déi, déi Kanner erzéien oder Care-Aarbecht leeschten, droen wesentlech zum Erhalt vun dësem System bäi. Mee wann si dowéinst hir Beruffsaarbecht reduzéieren, bauen si dacks manner eege Renterechter op. Hir gesellschaftlech Leeschtung hält de System mat um Lafen — gëtt awer am System selwer net als gläichwäertege Bäitrag unerkannt. Dat ass net nëmmen eng privat Ongerechtegkeet. Et ass e gesellschaftleche Problem an ee vun de grousse Paradoxe vun eiser Zäit. Dobäi geet et net drëm, Elteren a Leit ouni Kanner géinteneen auszespillen. Vill Mënschen ouni Kanner droen och zur Gesellschaft bäi: duerch hir Aarbecht, hir Steieren, hiert Engagement oder d’Hëllef fir Familljememberen a Frënn. D’Fro ass net moralesch. Si ass kollektiv: Wann eng Gesellschaft op déi nächst Generatiounen ugewisen ass, kann si familiär Verantwortung net haaptsächlech als Privatsaach behandelen. Si muss och d’Konditioune schafen, ënner deenen dës Verantwortung gelénge kann.
 
Genee hei gëtt däitlech, firwat mir iwwer déi geplangte Steierreform schwätze mussen. Politesch schéngt sech eng breet Majoritéit eens ze sinn: D’Besteierung soll méi neutral gi vis-à-vis vum Familljestand. Jidderee soll no deem selwechte Barème besteiert ginn – egal ob eng Persoun mat hirem Akommes just fir sech selwer opkënnt, oder ob si och Verantwortung fir aner Mënschen iwwerhëlt. Ma genee do läit de Problem: Eng Famill verschwënnt net als finanziell Realitéit, just well de Steiersystem si net méi esou behandelt. Natierlech kann ee soen, datt de Staat Familljen op verschiddene Plazen ënnerstëtzt — an dat ass och richteg. Mee et mécht en Ënnerscheed, ob de Staat vun Ufank un unerkennt, datt en Akommes an enger Famill dacks méi wéi eng Persoun dréit, oder ob jidderee fir d’éischt besteiert gëtt, wéi wann en eleng géif liewen, fir duerno iwwer Kreditter, Abattementer oder Hëllefen ënner bestëmmte Konditiounen nees eppes zeréckzekréien. Déi zweet Logik gëtt dem Staat méi Afloss dorop, wéi eng Famill sech organiséiere muss, fir iwwerhaapt unerkannt oder ënnerstëtzt ze ginn. De Staat erkennt net méi als Ausgangspunkt un, datt Familljen Akommes, Käschten, Zäit, Risiken a Verantwortung deelen. Hie kuckt fir d’éischt op den Eenzelnen — an decidéiert dono, wéi eng Situatiounen ënner wéi enge Konditiounen erëm kompenséiert ginn. Dat bedeit: méi staatlech Steierung, manner Gestaltungsspillraum fir Familljen.

Wat geschitt also, wann de Staat am Zivilrecht an an der Sozialpolitik weider op familiär Verantwortung setzt, si am Steierrecht awer ëmmer méi an Eenzelpersounen opléist? Wann et ëmmer méi deier a riskant gëtt, Verantwortung fir aner Mënschen ze iwwerhuelen, da wäert dat Konsequenzen hunn. Da ginn d’Leit méi virsiichteg. Si reduzéiere Risiken. Si fokusséieren sech méi op sech selwer. An da geroden eis sozial Systemer duebel ënner Drock: Op där enger Säit riskéiere méi Leit, ouni staarkt privat Netzwierk op staatlech Hëllef ugewisen ze sinn. Op där anerer Säit ginn déi familiär a sozial Netzer, déi bis elo vill opgefaangen hunn, selwer méi dënn. De Staat muss also méi droen — wärend déi privat Strukturen, déi hie laang entlaascht hunn, manner staark ginn.

Eng Gesellschaft, déi Verantwortung brauch, mee se wirtschaftlech riskant mécht, schwächt um Enn hir eege Grondlagen. Dofir däerf Modernitéit net heeschen, datt jidderee fir sech eleng funktionéiere muss. Eng wierklech modern Gesellschaft schützt den Eenzelnen a stäerkt gläichzäiteg déi Bezéiungen, an deene Mënsche Verantwortung fireneen iwwerhuelen.

Famill ass kee veraalte Modell. Si verännert sech. Mee hire Wäert bleift: Si ass eng vun den éischten a wichtegste Plazen, wou Verantwortung fir aner Mënschen am Alldag geléiert a gelieft gëtt. Wann eng Reform vu „Mateneen“ schwätzt, däerf si Familljen net steierlech ausernee rechnen an duerno hoffen, datt dat „Mateneen“ trotzdeem bestoe bleift. Famill ass och haut nach gesellschaftlech a fir den eenzele Mënsch wichteg. Si däerf net zu enger privater Laascht ginn, déi ëmmer manner Leit sech leeschte kënnen oder wëllen. Well eng Gesellschaft ouni staark Familljen ass eng Gesellschaft, déi ëmmer méi vum Staat erwaart — an ëmmer manner Plazen huet, wou Eegeverantwortung, Solidaritéit a Verantwortung fir aner Mënsche geléiert a gelieft ginn.

Back to Top
CIM LOGO