
Am Gesondheetssecteur spillt d’Effizienz vun der medezinnescher Grondversuergung aktuell eng grouss Roll, an och d’Pimärpreventioun vu chronesche Krankheeten gëtt verstäerkt diskutéiert, dat natierlech alles fir d’Gesondheet vun der Gesamtpopulatioun ze verbesseren an d’Ressourcen sënnvoll anzesetzen. Eng fréi psychosozial a psychosomatesch Grond-versuergung mat nohaltegem Resilienz-Effekt dierf dobäi awer net vergiess ginn; grad an deem Beräich sinn nach vill Efforten an der Praxis ze maachen. (L.N. Dezember 2025)
Aus der rezenter Fachliteratur geet erfir, datt d’ Fréierkennung vu psychosoziale Belaaschtungen mat hire gesondheetleche Follgen nach ëmmer e Problem hei zu Lëtzebuerg ass, well Fachpersonal feelt, well d‘Personal net adäquat ausgebilt ass, well d’Elteren oder d’Bezugspersounen d’Hiwäiser op Belaaschtungen net erkennen an wann, dann net wëssen, u wien si sech kënne wenden. Oft scheien oder schumme sech d’Elteren, fir den Haus- oder Kanner-dokter mat soidisant banale Problemer vun hire Kanner ze belästegen, wéi Kapp- oder Bauchwéi oder Middegkeet oder och schlecht Laun. Et ginn awer och Elteren, déi vermudden, datt dem Kand seng Gesondheetsproblemer kéinte mat dem aktuelle familiäre Stress, emotionale Spannungen oder den negativen Affekter vu Familljemëmberen zesummenhänken a wëllen dat net opdecken andeems se ëm Hëllef froen.
Mëttlerweil hunn all kanner-, jugend- a familljentherapeutesch Schoulen de Wee vun enger intrapsychescher Perspektiv zu enger holistescher oder biopsychosozialer Perspektiv vu Gesondheet a Gesondheetstéierungen vollzunn (- an der Praxis bis op wéineg Ausname vu klassesche Puristen), an och an der medezinnescher Grondversuergung etabléiert sech lues a lues déi Vue. Deementspriechend gëtt dat familäärt Ëmfeld als entscheedende Faktor bei der Entwécklung vu ganzheetlecher Gesondheet oder Gesondheetstéierungen ugesinn.
Och hei zu Lëtzebuerg hunn déi psychosomatesch a psychesch Problemer vu Kanner a Jonken zënter der Pandemie zougeholl, wéi déi verschidde Studie gewisen hunn. Bei Schoulkanner sinn dat z.B. Beschwerden wéi Reizbarkeet a schlecht Laun, Nervositéit, Aschlofproblemer, Niddergeschloenheet, Réckwéi, Kappwéi, Bauchwéi a Schwindelgefill méi oft an enger Woch. Déi Symptomer ginn am HBSC-Rapport (2022) als multipel psychosomatesch Beschwerden zesummegefaasst. Aus deene Beschwerden, déi d’Liewenszefriddenheet massiv kënnen aschränken entstinn spéider dann öfters klinesch klassifizéierbar psychesch Stéierungen.
Gläichfalls zougeholl hunn a deene läschte Joren déi sougenannten häuslech Gewalt an d’Gewaltdelikter bei Jonken, woubäi warscheinlech, wéi am Ausland (kuck d’Referenz-Bibliografie), eng Diskrepanz besteet tëscht dem Hellfeld (dat wat wierklech bei der Police gemellt gëtt ) an dem Donkelfeld (opgrond vun Froebou-Erhiewungen bei den Zilpo-pulatiounen). War d’Pandemie eventuell e Katalysator fir all déi negativ Entwécklungen?
Bei der Fréierkennung vu psychosoziale Belaaschtungen spillen fir d’éischt mol d’Pediateren eng wesentlech Roll, well si am Kader vun der medezinnescher Grondversuergung d’Puppel-cher, d’Kanner an zumindest een Elterendeel eng Zäit laang reegelméisseg gesinn. Am Idealfall missten d’Haus- oder Familjendokteren iwwerhuelen, awer Lëtzebuerg ass keen Duerf méi, an esou sichen d’Leit sech nëmmen am Noutfall méi e Médecin généraliste, dee vläicht nach disponibel ass, eventuell ginn si an eng Maison médicale mat dem Kand, deem et net gutt ass/geet oder heefeger och an d’Urgence, ob dat elo ubruecht ass oder net. Op all deene Plazen muss wéinst volle Salle d‘attenten séier geschafft ginn, well vill ze vill Patienten op eng Hëllef hoffen. Da huet Konsequenzen.
Wat elo d’ Erkenne vu psychosoziale Belaaschtungen am Zesummenhank mat de kierperleche Symptomer oder och déi gemeinsam Reflexioun iwwer déi familiär a kontex-tuell Liewensbedéngungen ubelaangt, bleift da keng Zäit. Dobäi ginn et wuel Dokteren déi eng ganzheetlech Vue nom biopsychosoziale Modell vertrieden, an déi Approche gär géifenëmsetzen. D’Erkennen an d’Weiderleeden u kompetent Fachleit an Zerwisser wier schon e wiesentleche Schrëtt fir eng zolidd psychosomatesch Grondversuerung. Et feelt zu Lëtzebuerg u wierklech spezialiséiertem Personal a villen Zerwisser.
Eng besonnesch Roll hei zu Lëtzebuerg spillt och d’ Schoulgesondheet (Santé scolaire). Hei gesinn medezinnesch-sozial Ekippen eis Schoulkanner am Kader vu Reienënnersichungen (Screenings), och d’Léierpersonal soll am Virfeld participéieren. Bei Opfällegkeete ginn dann d’Elteren kontaktéiert. Et läit an deenen hirer Verantwortung, de Recommandatiounen nozekommen. Op dat erfollegt (ass), gëtt net systematesch festgehal. Op jidde Fall soll d‘Approche vun den intervenéierenden Ekippen ganzheetlech biopsychosozial ausgeriicht sinn. Wéi dat trotz dem matgedeeltePersonalmangel an der begrenzter Zäit soll realiséiert ginn, bleift d’Fro.
All Fachleit plädéieren fir eng méiglechst fréi an nidderschwelleg Ënnerstëtzung vun zukünftegen a rezenten Elteren mat Kanner tëscht 0-3 Joer, déi sollen an hirer Bezéiungs- an Erzéiungskompetenz ënnerstëtzt ginn oder alldagspraktesch Hëllef kréien, fir ongesonde Stress an der Famill ze reduzéieren. Oft ass oder wier eng multiprofessionell Kooperatioun a Vernetzung néideg, wat net ëmmer geléngt. Wichteg bleift, datt Familljen mat Belaaschtungen fréizäiteg identifizéiert ginn, an datt si passend a mat hinnen zesumme vereinbaart Hëllefen ugebuede kréien. Ënnersichunge weisen, datt besonnesch vum Aarmutsrisiko bedrote Familljen multiplen psychosoziale Belaaschtungen (betr. Aarbecht, Wunneng, Finanzen, Gesondheet, Zesummeliewen, …) ausgesat sinn, leider awer déi besteeënd Hëllefsofferen seltener notzen, well déi hinnen zum Deel onbekannt sinn, oder well d’Familljen net wëllen doduerch (weider) stigmatiséiert ginn. Sougenannte bildungsno Familljen sinn do besser drun.
D’Dokteren an dat medezinnescht Personal sinn net déi eenzeg, déi iwwer d’Wiessel-wierkunegn tëscht séilesche Prozesser a kierperleche Prozesser am soziale Kontext musse bescheed wëssen. All psychosozial an edukativ Beruffer wéi och d’Léierpersonal missten duerfir sensibiliséiert ginn an oppe si, fir Hiwäiser op Gefäerdungen vun dem Kand senger Gesondheet an sengem Wuelbefannen, op eventuell Mësshandlung, all Zorte vu Gewalt oder Vernoléissegung asw kënnen ennuecht ze huelen. Kanner, déi Gewalt an hirem sozialen Ëmfeld gesinn oder selwer erleiden, riskéieren zudeems selwer antisoziaalt Verhalen ze manifes-téieren oder sech sozial ze verschléissen. D’Risiko- a d’Vulnerabilitéitsfaktoren wéi och d’Schutz- an d’Resilienzfaktoren mat hirem komplexen Zesummespill gi schonns zënter Joerzéngten erfuerscht a validéiert, z.B. am Kader vun der Entwécklungspsychopathologie.
Déi ganzheetlech Gesondheet vu Kanner a Jonken hänkt ganz enk mat soziale, familiären an ekonomesche Liewensbedéngungen zesummen. Bei multiple Problemer leiden d‘Kanner an déi Jonk besonnesch staark, si weisen net nëmmen gesondheetlech Stéierungen (einschliess-lech Ofhängegkeet a Schued duerchze fréien Internetkonsum a sozial Medien), mee deviéieren öfters och nach an d’Delinquenz. Heinzdo ass de Schoulabsentismus een éischten Hiwäis op de Start vun enger devianter Karriär. Deemno mussen d’Zerwisser aus dem Gesondheets, Edukatiouns- a Justizberäich vill méi enk zesummeschaffen wéi bis elo, fir méiglechst fréi kënnen effizient ze intervenéieren. Et misste fest Kooperatiounsformater etabléiert ginn!
Virun allem muss awer an allen Aus- a Fortbildungsinstitutiounen fir edukativ a psychoszial Beruffer, fir Gesondheetsberuffer a fir Medezinner ee fir déi Beruffer ugepassten Aus- a Fortbildungsangebot (spezifesch Curricula) zur Fërderung vu biopsychosozialer Gesondheet, wéi och zur Entwécklungsgenees vu psychosomateschen a psychosoziale Stéierungen am sozioekologesche Kontext ugebuede ginn. Déi Formatiounen mussen esouwuel dem Alters-an Entwécklungsstand vun de Kanner a Jonken Rechnung droen, wéi och der soziokultureller Sensibilitéit an der Kommunikatioun mat de Familljememberen, em déi et an der Praxis geet.