
Säit e puer Méint gëtt an aller Welt iwwer e Verbuet vu soziale Medie fir Jugendlecher bis 15 oder 16 Joer diskutéiert. Australien huet et virgemaach, Frankräich zitt no, an och déi lëtzebuergesch Regierung wëll esou e Verbuet, am léifsten op EU-Niveau. Wann dat net klappe sollt, kéint et och eng national Léisung ginn.
Et ass jo gutt, dass d’Gefore vun de sougenannte soziale Medie fir Jonker an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn a sech doriwwer Gedanke gemaach gëtt, wéi ee si ka viru süchteg a mental krank maachenden Algorithmen, geféierlechen Inhalter a Falschinformatioune schützen. Ma mir gräift dës Debatt dann awer e bëssen ze kuerz, wann alles, wat konkreet dobäi eraus kënnt, e Verbuet fir déi Jonk soll sinn, ouni eppes um grondlegende Probleem ze änneren.
Déi digital Welt bréngt eis vill Virdeeler. A si geet och net méi fort. Ma de Business-Modell vun TikTok, Instagram, Facebook & Co ass et, eis esou laang wéi méiglech virum Ecran ze halen. Dofir ass deenen Entreprisen alles recht, och d’Verbreede vu rietsextreemem oder anerem faktefriemem Contenu. D’Ofhängegkeet, d‘Sucht no ëmmer méi Dopamin-Stimulatioun, ass mëttlerweil zu enger gesellschaftlecher Kränkt ginn. Sécher, fir Kanner a Jugendlecher, deenen hiert Gehier nach an der Entwécklung ass, ass dëst besonnesch geféierlech. Ma et ass awer net esou, wéi wann déi Erwuessen all géife responsabel domat ëmgoen. Au contraire, am Alldag wierkt et mer esou, wéi wa mer alleguer méi oder manner süchteg nom Smartphone gi sinn.
Wa mer also wëllen, dass eis Kanner net just virum Tablet hänken, da musse mer insgesamt als Gesellschaft eppes änneren. A well déi Plattformen eben esou konzipéiert sinn, fir eis süchteg ze maachen, musse mer och genau do usetzen. Net beim Eenzelen, mee beim System, an dësem Fall bei de Plattformen.
Den Digital Services Act huet eng europawäit Reglementatioun fir grouss Online-Plattformen agefouert. Dëst ass e gudde Schrëtt. Ma en ass haut en Tiger ouni Zänn, och well d’Reegelen nëmme lues imposéiert ginn. Wa Plattforme wéi TikTok süchteg a krank maachend Algorithmen asetzen, riskéiere si héchstens eng Geldstrof. Et brauch méi streng Reegelen a Sanktiounen, a virun allem mussen se och zäitno ëmgesat ginn. Och mussen d’Plattforme fir geféierleche Contenu vill méi staark an d’Verantwortung geholl ginn. An niewebäi sollen se och hire faire Bäitrag zur Allgemengheet leeschten andeems se an Europa Steiere bezuelen.
Doriwwer eraus bräichte mer och eng éierlech Diskussioun driwwer, wat fir eng Plaz mir dem digitale Raum an eisem Liewe wëlle ginn. Wëlle mir, dass d’Liewen ëmmer méi a vläit iergendwann bal just nach am digitale Raum stattfënnt? Etuden aus Däitschland soen, dass 12-järeg Kanner mëttlerweil all Dag méi wéi 5 Stonne virum Bildschierm sëtzen.
Wa mer dat net wëllen, musse mer eis als Gesellschaft Gedanke maachen iwwer wéi mer dofir suergen, dass mir manner Zäit um Bildschierm a méi Zäit dobaussen, mat Frënn oder mat engem Buch verbréngen. Et stelle sech zum Beispill follgend Froen: soll an de Schoule wierklech ëmmer méi mam Tablet geschafft ginn? Kéint de Staat net zousätzlech Tools zur Verfügung stellen, fir d’Bildschiermzäit ze reduzéieren – zum Beispill eng App, déi engem hëlleft, méi bewosst mam Smartphone ëmzegoen? A musse mer net och verstäerkt an d’Offline-Welt investéieren, fir méi Alternativen zum Doom-Scrolling ze schafen – Stéchwuert Jugendhaiser an attraktiv Stad- an Duerfkären, fir Jonk a manner Jonk ?
Wa mer wierklech eppes um Kär vum Problem ännere wëllen, musse mer iwwer d’Verantwortung vun de Plattformen an d’Plaz vum digitale Raum an der Gesellschaft schwätzen, an net just iwwer eng eenzeg Mesure, déi zwar gutt gemengt ass, mee de Problem net wäert léisen.
Fabricio Costa, Papp & Co-President vun déi gréng Stad Lëtzebuerg