
Et steet wuel ausser Zweifel, datt eist Klima sech verännert. Déi fréier laang a batterkal Wantere si bal vergiess. Tornadoen, Orkaner an Iwwerschwemmunge schénge méi heefeg a méi intensiv opzetrieden. Eng Saach bleift awer kloer: D’Mamm Natur ass a bleift maîtresse des cieux. Atombommen oder atomar Explosioune kënnen net fir d’Wieder verantwortlech gemaach ginn. Mee wou läit dann d’Ursaach?
Ganz einfach: Mir liewen am Nolaaf vun enger Eiszäit. Et ass also net onnatierlech, datt sech eist Klima lues a lues verännert.
Nach net esou laang hier gouf a ville Stied d’Eis aus zougefruerenen Séien a Flëss erausgeschnidden, fir Liewensmëttel anzefreieren. Haut hu mir Frigoen an natierlecht Äis aus engem Floss vermësse mir net méi. A wa mir haut op zougefrueren Flëss ugewisen wieren, fir un Äis ze kommen, dann hätte mir tatsächlech e Problem: si freieren net méi zou!
Jonk New-Yorker kënnen sech haut kaum virstellen, datt am Wanter eng Äisfähr d’Verbindung tëscht Manhattan a Staten Island hiergestallt huet, well den Hudson zougefruer wor. Dat ass zanter Joerzéngten net méi de Fall.
Jo, eis Wantere si méi mëll ginn a mir hunn eis dru gewinnt. Mir huelen et bal net méi bewosst wouer. Mee bléist eng Kéier en äiskale Wand iwwer d’Land, da bleift dee Moment laang am Gediechtnes. Extremt Wieder bleift eben méi staark am Kapp wéi lues Verännerungen. A wann Iech dat nach net berouegt, da stellt Iech dës Fro: Wat géif geschéien, wann d’Äisreserven vu Grönland an de Polarregiounen séier géife schmëlzen? De Mieresspigel géif ëm ronn 60 Meter klammen, Küstestied géife verschwannen an en ziviliséiert Liewen wier nëmmen nach an Héichlänner méiglech. Tatsächlech geet d’Äisfläch an de Polarregiounen all Joer ëm méi wéi 160 Meter zréck. An an de leschten honnert Joer ass de Mieresspigel ëm 2,5 Zentimeter geklommen.
Kléngt modern, oder? Kennt et Iech bekannt fir, as et vun haut?
Wäit gefeelt. Dës Zeile stammen aus dem Joer 1953, aus der amerikanescher Zäitschrëft „Mechanix Illustrated“. Wat opfällt ass net d’Naivitéit oder eng gewëssen Onbekëmmertheet, vläicht esouguer en eventuellen Irrtum. Wat opfällt, ass d’Bestännegkeet vum débat.
Schons 1953 gouf iwwer d’Enn vun enger Eiszäit geschwat. Haut gesi mir virun allem de mënschleche Foussofdrock als Ursaach. Mee d’Suergen selwer si guer net nei. 1953 ze liesen heescht net, 2026 ze relativéieren. Et heescht nëmmen: De Klimadebat huet Erënnerung an hien vergësst näischt, guer näischt! Éier mir also an Alarmbereetschaft oder an Verharmlosung falen, kann et hëllefen, mat e bëssi Objektivitéit zréckzekucken a festzestellen: Vläicht ännert sech net nëmmen d’Klima, mee och eist Gefill fir Zäit a Proportiounen?
„Après nous le déluge“?
Nee. Definitiv Nee! De Klima ass immens wichteg fir ons Gesondheet an onsen bien-être général. Wann ons Ëmwelt, en Écosystème deem seng Qualiteit a seng Regeneratioun, duerch ons Aktiviteiten duercheneen geroden, da klammen d’Krankheetsfäll, d’sozial Spannungen an d’Naturkatastrophen. Dofir ass et immens wichteg, bei klimatesche Verännerungen verantwortlech an continueiert ze reagéieren. Fir eis Gesondheet an onsen bien-être ze erhalen, fir en harmonescht Gläichgewiicht tëscht ons an och onsem Emfeld ze schaafen, geet „Hurra, mir liewen nach“, eleng net duer.
Tatsach as: Mir sinn 1953 net erdronk, a mir wäerten och 2026 net erdrénken. Mee eis Angscht virun dem Op an Erof vum Wieder, wei och deenen déifgräifenden Verännerungen vum Klima a vun der Natur, déi wäert eis wuel nach laang begleeden.