
Am Kader vun der geplangter Steierreform gëtt de Moment virun allem iwwert de finanziellen Aspekt geschwat. Vill Sue ginn an d’Hand geholl – an dat ganz offensiv. Wat dobäi awer an den Hannergrond rutscht, ass eng fundamental Fro: Wat bedeit dës Reform fir Famill, Partnerschaft a gesellschaftlechen Zesummenhalt? Oder anescht gefrot: Wat geschitt mat enger Gesellschaft, wa gemeinschaftlech Strukturen opgeléist ginn a Mënschen ëmmer méi zu Eenzelkämpfer gemaach ginn?
Kuerz zum finanzielle Volet: Eng Steierreform ass kee gëeegent Instrument, fir Sozialpolitik ze bedreiwen. Dat ass wéi wann een en Uelegbrand probéiert mat Waasser ze läschen – d’Flam gëtt zu enger Stéchflam. Vu Steierentlaaschtunge profitéiert virun allem deen, dee Steiere bezilt a genuch Moyenen huet, fir sech ofsetzbar Ausgaben ze leeschten: Zousazrent, Bauspuervertrag, Liewensversécherung, Spenden, Scholdzënsen, Haushaltsservicer. Deen, deen absolut näischt dovun huet, ass alt nees d’elengerzéiend Mamm, déi de Mindestloun oder liicht driwwer verdéngt. An der Steierklass 1a fänkt een ab ronn 26.600 Euro Joresakommes un, Steieren ze bezuelen. Wie keng Steiere bezilt, ka logescherweis och näischt ofsetzen. An d’Fräibeträg? Déi kommen am Endeffekt deene mat héije Paien am meeschten zegutt, well se an der leschter Tranche, also mat dem héchste Steiersaz, ofgezu ginn. D’Resultat: D’Regierung verdeelt d’Geld no Uewen an d’Schéier tëscht Aarm a Räich geet nach méi wäit op.
Mee d’Reform benodeelegt net nëmmen Niddregverdénger. Och bestuet Koppelen, déi ënnerschiddlech Akommes hunn oder phaseweis mat engem Akommes auskomme mussen, wäerten an der neier Steierklass U méi Steiere bezuelen. Dat gëtt als Mesure verkaaft, fir méi Fraen an d’Aarbechtswelt an domat an d’wirtschaftlech Onofhängegkeet ze kréien. D’Realitéit vun de leschten zwanzeg Joer weist awer kloer: Et gëtt keen Zesummenhang tëscht der Steierklass 2 an der Participatioun vu Fraen um Aarbechtsmaart. Den „Ernährermodell“ ass an där Zäit staark zeréckgaangen – trotz der Steierklass 2. De Wandel gouf gedroe vun ausgebauter Kannerbetreiung, besserem Bildungszougang, Aarbechtsmaartpolitik a gesellschaftlecher Unerkennung. Kee verzicht op Erwerbsaarbecht, fir Steieren ze spueren. Eng wichteg Kloerstellung: D’Steierklass 2 ass keng Belounung fir Bestietnis oder PACS. Si ass praktesch neutral, wann zwee Partner dat selwecht verdéngen, a wierkt nëmmen ausgläichend, wann d’Akommes ongläich verdeelt ass. An esou Ongläichheete sinn net d’Resultat vu Bequeemlechkeet oder ale Rollemodeller, mee entstinn duerch Kanner, Care-Aarbecht, Fleeg, Krankheet, Weiderbildung oder gesellschaftlecht Engagement. D’Steierklass 2 ass domat eng Aart Risikopuffer fir Liewensphasen, an deenen zwee Partner net gläichzäiteg zu 100% beruffstäteg kënne sinn. Dobäi kënnt: Esou „kritesch“ Liewensphasen entstinn dacks ongeplangt. Kontrakter ginn net verlängert, Mënsche gi krank, Kanner kommen och mol net no Plang. Dat ka jiddereen treffen – och Koppelen, déi haut nach zwee Vollzäitakommes hunn a kuerzfristeg finanziell vun der Reform profitéiere géifen. An esou Situatioune steet ee Partner och finanziell fir deen aneren an – net fräiwëlleg, mee gesetzlech verpflichtend. Bestietnis a PACS si keng romantesch Privileegien, mee gesetzlech definéiert Verantwortungsgemeinschafte mat kloer gereegelte rechtlechen, wirtschaftlechen a soziale Flichten.
D’Wëssenschaft seet eis, dass Mënschen en ugebuerent Bedürfnis no verlässlecher Bindung hunn. D’Harvard Study of Adult Development – déi gréisst Laangzäit-Glécksstudie vun der Welt – weist kloer: Mënsche liewe méi laang, méi gesond a méi zefridden, wann si stabil Bezéiunge féieren. Sënn entsteet net duerch maximal Onofhängegkeet, mee duerch Verbonnenheet, Verantwortung a gebraucht ginn. Bindung ass net onwichteg ginn – si gëtt strukturell ëmmer méi schwéier. Och duerch Reforme wéi dës.
De Staat kann ofsécheren, entlaaschten a Rechter garantéieren. Mee hie ka keng emotional Sécherheet ginn, keng Loyalitéit liewen a keng perséinlech Verantwortung ersetzen. Bindung brauch Mënschen, keng Institutiounen. Wéi kann ee Solidaritéit an der Gesellschaft erwaarden, wann een ëmmer manner Raum léisst, fir Solidaritéit am klenge Krees ze léieren an ze liewen?
Eng Iwwergangsphas vu 25 Joer fir aktuell Bestueten a Gepacste schaaft zousätzlech Generatiounenongerechtegkeet. Déi nächst Generatioun kritt eng kloer Botschaft: „Verband iech emotional a rechtlech – mee wirtschaftlech bleift jidderee fir sech.“ Ob dat Familljegrënnung, géigesäiteg Ofsécherung a laangfristeg Verantwortung fërdert, däerf bezweifelt ginn.
Wëlle mir eng Gesellschaft, an där Mënschen a schwierege Situatiounen ënnerstëtzt ginn a Bezéiungen, Verantwortung an onbezuelten Asaz méiglech a gewollt bleiwen? Oder wëlle mer eng Gesellschaft, an där de Wäert vum Mënsch haaptsächlech un seng Lounaarbecht gekoppelt ass – a jidderee eleng funktionéiere muss?
A wéi ass et mat der Gerechtegkeet an der Fräiheet? Gerechtegkeet bedeit net Gläichbehandlung ëm all Präis, mee eng ugemoossen Unerkennung vun de reale Liewensverhältnisser. An Individualbesteierung ass keng Fräiheet, wann se erzwonge gëtt.
Am Kär ass dës Reform alt nees eng Kafkraaftmoossnam, vun där Singelen a gutt verdéngend Koppele kuerzfristeg finanziell profitéieren – an zur selwechter Zäit e weidere Schrëtt, fir déi sozial Strukturen ofzebauen, an deene Mënsche fir Mënschen do sinn. D‘Steierreform gëtt als gerecht, modern a fräiheetsbréngend verkaf. A Wierklechkeet mécht si Mënsche méi verletzlech. Si belount déi stabil Phasen – an ignoréiert déi schwiereg Phasen. Si belount Lounaarbecht – an ignoréiert Care, Bindung a Verantwortung. Se schwätzt vu “Mateneen” – a produzéiert een Niewenteneen. Si versprécht “fir all Famill” – a norméiert op eng eenzeg. Si seet „fir all Kand“ – mee denkt net all Kanner mat. Dës Steierreform gëtt vill Suen aus. Mee si kascht eppes, wat net am Budget steet: gesellschaftlechen Zesummenhalt.