
Et misst eigentlech selbstverständlech sinn, datt mir op dëser Äerd nëmmen Gäscht op Zäit sinn. Wa mir also eng positiv Spuer hannerloosse wëllen, da misste mir verhënneren, ëmmer erëm nei zerstéierend „Spueren“ ze hannerloossen.
Eise Planéit steet deemno permanent tëscht Muecht a Verantwortung. A vum Neandertaler bis bei den nukleare Knäppche schéngt d’Mënschheet sech vläicht vill manner entwéckelt ze hunn, wéi si selwer gären hätt.
Zënter jee gëllt eng einfach Reegel: Wien déi gréisst „Massue“ huet, kritt déi schéinste Hiel - an hëlt sech d’Ëmgéigend direkt mat dobäi.
Am Laf vun de Joerdausenden huet sech dës Method net wierklech verännert, mee éischter moderniséiert: D’Massue gouf zu enger Arméi mat nuklearer Ofschreckung, d’Hiel zu engem Territoire an d’Noperschaft zu engem komplexe Geflecht vu geopoliteschen Interessen, dat haut immens Dimensiounen ugeholl huet.
De Mënsch, deen sech gären als „Kroun vun der Schöpfung“ gesäit, ass a Wierklechkeet eng Spezies, déi tëscht Iwwerschätzung, Verantwortungslosigkeit an enger bemierkenswäerter Fäegkeet zur Selbstzerstéierung schwankt.
Geprägt vun enger gewësser Arroganz an enger heiansdo markanter Doppelmoral, musse mir eis d’Fro stellen, ob d’Vernunft eis iwwerhaapt wierklech leet - oder ob mir am Fong näischt aneschters sinn ewéi eng „biologesch‘ Apparatur“, ugedriwwen duerch Geltungsdrang a Muechtstreben.
Krich begleeden d’Mënschheet, zënter si geléiert huet oprecht ze goen. Si zéien sech wéi e roude Fuedem duerch d’Geschicht. Haut zielen international Fuerschungsinstituter weltwäit méi wéi foffzeg bewaffnet Konflikter.
An trotzdeem leeschte mir eis eng bemierkenswäert Form vu Realitéitsverzerrung: Wärend Mëssgunst a Ressentimenter wuessen, „mat Gewalt duerchsetzen“, Dupliziteit an Hypokrisie zum Alldag ginn, an eng Welt, déi - kaum aus enger eemoleger Pandemie erauskomm - nach ëmmer wackelt, schécke mir Sonden op de Mars an investéiere bzw. verpolferen Milliarden an de Weltraum.
Gläichzäiteg stierwe Millioune Kanner un Honger - an eis gréisst „Suergen“ schénge sech heiansdo am Wackele vu Monarchien oder am deegleche Twitteren vu milliardeschwéieren Selbstdarstelleren, a la Trump, ze verléieren.
Zu allen Zäite goufen et Stëmmen fir Fridden a Vernunft. Awer ze dacks leien d’Decisiounen iwwer Territoiren, Ressourcen an d’Schicksal vu ganze Bevölkerungen an den Hänn vun deenen, déi Muecht iwwer Vernunft stellen.
An enger Zäit, an där d’Spannungen op ville Plazen op der Welt erëm rapid zouhuelen - e Krich verstoppt deen nächsten - wierken esou Iwwerleeungen leider méi aktuell wéi jee.
De Fanger, deen iwwer dem berüchtegte roude Knäppche schwieft, symboliséiert eng geféierlech Realitéit: de Versuch, duerch Droung a Gewalt Muecht, Afloss an Dominanz iwwer aner ze sécheren. Eng eenzeg impulsiv Decisioun kéint duergoen, fir eise Planéit irreversibel ze zerstéieren.
Am Kär bleift de Krich dat, wat en ëmmer war: e Monument mënschlecher Dommheet, ugedriwwen duerch Angscht, Haass an enger scheinbar onsättlecher Gier no Muecht an Territoiren.
Et gëtt also ëmmer méi dringend, eist Verhältnis zu eisem Planéit – an eis Verantwortung géintiwwer de kommende Generatiounen – nei ze iwwerdenken.
Well wann de Fortschrëtt sech um Enn just doranner weist, datt d’Massue vum Neandertaler haut duerch en nukleare Knäppche ersat gouf, da bleift eng entscheedend Fro:
Wéi vill hu mir wierklech geléiert?