180 Ekippe mat dobäi50. Editioun vum Landjugenddag zu Dikrech

Christophe Hochard
All Joer op Christi Himmelfaart gëtt de Landjugenddag organiséiert. Jonker aus dem ganze Land kommen zesummen, fir e puer flotter Stonnen ze verbréngen.  

D'Landjugend vun Dikrech huet op Christi Himmelfaart déi 50. Editioun vun dësem traditionelle Fest organiséiert. 5 grouss Spiller goufen op engem Parcours vun 9 Kilometer ronderëm d'Ieselsstad proposéiert. D'Waasserspill huet trotz Reen de gréisste Succès kannt. 180 Ekippen aus dem ganze Land hu beim Landjugenddag matgemaach. Am Joer 2024 gouf mat der Organisatioun vun dësem Event ugefaangen.

D'Landjugend vu Clierf ass 2027 fir d'Organisatioun vum Landjugenddag responsabel. Donneschdes, de 6. Mee 2027 ass Rendez-vous.

Back to Top
CIM LOGO