Op de 5. Mee1.489 Leit als Employé de l'État an der Réserve sanitaire nationale engagéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert der CSV-Deputéierter Diane Adehm op eng parlamentaresch Fro zu deem Sujet.

D'Paulette Lenert erënnert drun, dass déi Reserv iwwer zwee Weeër gespeist gouf: Engersäits hat de Ministère Leit, déi net berufflech aktiv waren, agestallt, an anerersäits ware Studenten engagéiert ginn.

Dee Moment, dat heescht virun enger Woch, waren eng 700 Leit um Terrain affektéiert, sief et an engem Spidol, engem Fleegeheim oder engem CSA. De Käschtepunkt heivun hat d'Ministesch op eppes méi wéi 10,3 Milliounen € geschat.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Diane Adehm

Back to Top
CIM LOGO