No Opruff vun der Croix-Rouge1.786 Bluttspender hu sech bannent 2 Woche gemellt

Isabelle Henschen
D’Croix-Rouge organiséiert hei zu Lëtzebuerg alles ronderëm d’Bluttspenden an dat zënter den Ufäng.
1.786 Bluttspender hu sech bannent 2 Woche gemellt
D’Croix-Rouge organiséiert hei zu Lëtzebuerg alles ronderëm d’Bluttspenden an dat zënter den Ufäng.

Historesch Dokumenter beweisen, dass éischt Blutttransfusiounen 1928 hei am Land gemaach gi sinn. Deemools goufen d’Transfusiounen direkt beim Krankebett, Aarm zu Aarm, duerchgefouert. Enn de 40er Joren huet een eng 50 Spender gehat, an dës goufen dofir bezuelt. Haut zielt d’Croix-Rouge hei am Land méi wéi 13.000 Bluttspender an zënter 1950 gëtt d’Bluttspenden net méi remuneréiert. Enn Mäerz hat d’Croix-Rouge en Opruff hei am Land gestart. Doropshin hu sech innerhalb vun 2 Wochen eng 1.786 Leit gemellt, wat 30% méi sinn, wéi innerhalb vum ganze Joer 2019. Net all d’Leit, déi sech gemellt hunn, ginn allerdéngs duerno zu registréierte Bluttspender. Fir d‘éischt muss een e Questionnaire an eng komplett Bluttanalyse maachen, fir sécher ze goen, dass d’Bluttqualitéit déi gewënschten ass. Am Joer 2019 konnte vun den 1.356 nei-ugemellte Kandidaten, fir Donneuren ze ginn, just 933 eng éischt Bluttspend ginn.

Den Haaptsëtz vum Blutttransfusiounszentrum vun der Croix-Rouge ass an der Avenue Joseph II an der Stad, wou eng 50 Mataarbechter sech drëms këmmeren, dass dëse Service dat ganzt Joer iwwer ka lafen. Och wärend dëser sanitärer Kris. Méi wéi dräi Deeg noenee wier den Zentrum ni zou, seet d’Dr Andrée Heinricy, déi zënter 1999 hei schafft a responsabel ass vun der Ekipp vun de Prelevementer. Blutt fir Blutttransfusioune gëtt ëmmer gebraucht, wärend dem ganze Joer. Reegelméissegst Spenden ass wichteg, well d’Plaquetten, de Plasma an déi rout Bluttkierpercher, sech just tëscht e puer Deeg respektiv e puer Woche stockéiere loossen.

D’Dr Andrée Heinricy seet et wier ee wärend dem Confinement gutt opgestallt gewiescht, dat heescht de Stock wier virdrun a wärenddeem gutt gefëllt. Mee si geet dovunner aus, dass elo nom Confinement, wann d’Spideeler erëm méi Operatioune maachen, rëm méi Blutt gebraucht gëtt. Nei Spender géifen ëmmer gesicht a jiddereen, den de Viraussetzunge fir Spender ze ginn entsprécht, kéint sech gäre mellen.

Méi Informatiounen iwwert d'Bluttspende fannt dir um Internetsite vun der Croix-Rouge.

Back to Top
CIM LOGO