VIDEO: Yutong1. chineseschen Elektrobus zu Lëtzebuerg, 200 Kilometer Autonomie

Dany Rasqué
An der Gemeng Biissen gëtt et elo ee Schülertransport, dee just mat Stroum fiert.
VIDEO: 1. chineseschen Elektrobus zu Lëtzebuerg
An der Gemeng Biissen gëtt et deen éischte Schülertransport am Land, dee just mat Stroum fiert.

Ee vun deenen zwee Bussen, déi d'Kanner all Dag heemféieren, kënnt vu méi wäit. E gouf vum chinesesche Konstrukteur Yutong gebaut, ee vun de gréissten op der Welt. Déi nei Maschinn gouf en Donneschdeg zu Biissen ageweit a begeeschtert Kleng a grouss. De Bus war zanter September 2018 schonn an enger Testphas ënnerwee.

PDF: Pressecommuniqué vun der Gemeng Biissen

Back to Top
CIM LOGO