Kronospan zu Suessem1 Mount nom Läsch-Marathon an der Industriezon Gadderscheier

Carine Lemmer
Wéi et heescht, wier de Floss "Kuer" verschmotzt ginn, well d'Sécherheets-Systemer net funktionéiert hätten.

Den DP-Deputéierte Gusty Graass wollt an enger parlamentarescher Fro wëssen, ob de Réckhaltebecken an der Industriezon fir déi geschaten 3 Millioune Liter Läschwaasser ze kleng war. Dat wier net de Problem gewiescht, äntwert d'Ëmweltministesch.

De Problem louch bei verschidde Sécherheetsinfrastrukturen, déi net gegraff hätten. De Sécherheetsventil vum Réckhaltebecken war net ganz dicht. De Ventil wier al an den Entretien gouf net anstänneg gemaach, sou d'Ministesch Carole Dieschbourg. D'Gréisst vum Becke war manner de Problem, mä den Ënnerhalt.

Kronospan/Rep. 5.9.19

Déi 3 Deeg waren e Marathon-Asaz vum CGDIS. Deelweis waren 32 Zentren aus dem ganze Land op der Plaz, den éischten Owend eleng 220 Pompjeeën.

D'Ausmooss vum verknaschte Waasser wier spierbar: Et sinn e puer doudeg Fësch fonnt ginn. Freides wier d'Feier geläscht ginn a méindes wieren déi wichtegst Parameteren verbessert an normaliséiert ginn. Doropshi goufen och nees lieweg Fësch an der Kuer gesinn, heescht et an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro.

Läschwaasser verschmotzt d'Kuer
Firwat huet esou vill Läschwaasser misste vu baussen op de Site bruecht ginn?
Firma schléisst Friemawierkung aus

Back to Top
CIM LOGO