Brand KronospanFirwat huet esou vill Läschwaasser misste vu baussen op de Site bruecht ginn?

Pit Everling
Beim Brand um Terrain vun der Kronospan hätt een et wierklech mat enger aussergewéinlecher Situatioun ze dinn, heescht et säitens den Autoritéiten.
© CGDIS

Dat ass jo eng vun de Froen, déi sech um Bord vum Groussbrand an der Industriezon Gadderscheier stellt. E Feier vun där do Envergure kéint net eleng mat de Waassercapacitéite vun engem Firme-Site geläscht ginn. Dat äntwert de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder am RTL-Interview.

Läschwaasser Kronospan - Reportage Pit Everling

Beim Brand um Terrain vun der Holzfirma Kronospan hätt een et wierklech mat enger aussergewéinlecher Situatioun ze dinn, heescht et vum Chef vun de Rettungsservicer. An enger éischter Phase géif natierlech op d'Waasserleitungen zeréck gegraff gi fir ze läschen, ma schonn e Mëttwoch am fréien Nomëtten hätt ee constatéiert, datt dat net géing duer goen an datt de Besoin u Läschwaasser enorm wier: "Bei sou engem Evenement wéi deem dote gi 16'000 Liter Läschwaasser pro Minutt gebraucht. Dann ass et kloer, dass egal wéi ee Waasserreseau der hutt, deen dat net eleng ka bréngen".

Suivi vum Brand op der Kronospan
Beim Brand um Terrain vun der Kronospan hätt een et wierklech mat enger aussergewéinlecher Situatioun ze dinn, heescht et säitens den Autoritéiten.

Dofir den Asaz vun Tankween: "Do ginn et verschidde Méiglechkeeten, dat eent nennt een de Pendlerverkéier, dat anert ass eben eng Fërderstreck iwwer e laange Wee ze maache vun engem oppene Gewässer".

Ënner anerem gouf op Läschschaum aus dem Frankräich zeréck gegraff. Op Basis vu bilateralen Ofkomme mat eisen Nopeschlänner kann Ënnerstëtzung am Ausland ugefrot ginn, dat wier sou virgesinn: "An dësem Fall hu mer op franséisch Kollegen zeréck gegraff, well mer eben och woussten, datt si speziell Moyenen hu fir bei Industriebränn täteg ze ginn".

Bei engem grousse Läschwaasserbesoin ass eng weider Fro déi sech stellt déi vum Impakt op d'Drénkwaasser?

"Mir stinn am Kontakt mat den Drénkwaasserversuergung, der Gemeng Suessem an dem Drénkwaassersyndikat SES.
Si hunn dat am Aen. Si hunn och eng Drockerhéijung am Reseau gemaach, fir datt mer dat Waasser hu wat mer brauchen. Dat ass natierlech eng Situatioun déi ee misst am Ae behalen".

Ob all d'Oploen um Site vun der Holzfirma agehale goufen oder op d'Waassercapacitéiten do adequat sinn, dorop goufen et haut keng Äntwerten. D'Inspection du travail et des mines déi fir de Commodo responsabel ass, sot, si géing d'Feier bei Kronospan net kommentéieren.

Bei de komplizéierte Brand op der Gadderscheier koum Gëschter nach derbäi, datt et zu gläicher Zäit op 3 anere Plazen am Süden e Feier gouf, déi awer all hätte kënnen ofgewéckelt ginn.
Allgemeng wier et natierlech sou, datt de jo nach neie CGDIS versicht fir an Zukunft d'Material méi ze standardiséieren, ma och iwwer méi spezialiséiert Material fir zum Beispill grouss Industriebränn kéint nogeduecht ginn, esou nach de Paul Schroeder.

Alerte générale - 240 Pompjeeën am Asaz bei Kronospan, Feier ënner Kontroll

Back to Top
CIM LOGO