
Zu Koplescht goufen tëscht 22.30 Auer a Mëtternuecht 93 Chauffere kontrolléiert. An zwee Fäll war d'Resultat positiv. 1 Chauffeur huet mussen op der Plaz säi Permis ofginn.
Um Wandhaff goufen an der Nuecht tëscht 1 a 4 Auer am ganzen 63 Automobiliste kontrolléiert. An 3 Fäll war den Test positiv. 2 Chauffere waren hire Führerschäin op der Plaz lass. Donieft goufe 6 Protokoller gemaach wéinst Drogendelikter an wéinst Fueren ënnert dem Afloss vun Drogen.
En Accident gouf et e Samshdeg den Owend géint 22.30 Auer zu Suessem an der Rue de l'Usine. Zwee Ween waren aneneegerannt. Ee vun de Chaufferen hat ze vill gedronk an huet säi Permis mussen ofginn.
Géint 2.30 Auer war zu Mamer an der Route d'Arlon een Automobilist mat sengem Gefier an dräi geparkten Autoe gerannt. De schëllege Chauffer ass dono einfach weider gefuer. Allerdéngs haten Zeien de Won gesinn an hunn d'Police geruff. Kuerz drop hunn d'Beamte den Auto lokaliséiert. De Chauffer louch um hënneschte Sëtz ze schlofen. Hien huet zouginn, dass hien een Accident hat. Den Alkoholtest war positiv. De Mann krut säi Führerschäin ofgeholl.
Ze vill gedronk hat och ee Chauffer, dee géint 4.30 Auer zu Keel am Zickzack ënnerwee war. Hie gouf vun der Police gestoppt a kontrolléiert. Och hei war de Permis fort.
Op der A13 Direktioun Péiteng war der Police géint 5.15 Auer och een Automobilist duerch säi Fuerstil opgefall. De Mann hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl.
Kuerz viru 6 Auer gouf der Police en accidentéierten Auto zu Beetebuerg gemellt. Och an dësem Fall hat de Chauffer ze vill Alkohol intus an huet säi Permis mussen ofginn.
Op engem Camping zu Réimech hat ee Mann e Samschdeg den Owend géint 22.30 Auer zwou Persoune mat engem sougenannten Taser menacéiert. D'Police konnt de Mann kuerz drop lokaliséieren. A senger Jackett hat hien souwuel den Taser, wéi och eng Waff mat Pefferspray. Op Uerder vum Parquet goufe béid Waffen saiséiert. De Mann gouf protokolléiert.