De Konjunkturcomité krut fir de Mount Juni d'Demande vun 11 Entreprisen op Kuerzaarbecht.
Se goufen allen 11 guttgeheescht. Vu knapp 2.000 Salariéë sinn der eppes iwwer 900 betraff.
De Käschtepunkt läit bei enger Millioun Euro.