Coronavirus zu Lëtzebuerg11 nei confirméiert Fäll, 2 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 109 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 11 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.958. Vun den Infizéierte sinn der 3.201 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 109 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 55 Prozent si Männer a 45 Prozent si Fraen. 65 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

© Screenshot Santé

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 63.011 Tester gemaach. Vun e Méindeg op en Dënschdeg ass dat eng Hause vun 751 Tester, vun deenen der wéi gesot 11 positiv waren.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 131 aktiv Infektioune ginn an 3.718 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 60 (+6) Patienten hospitaliséiert, 10 (+2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 905 Mënschen d'Spidol nees verloossen.

© Screenshot Santé

De Reproduktiounstaux läit bei 0,997. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO