Eng Verurteelung an 1. Instanz123 Dossiere wéinst presuméierter Policegewalt zënter 2018

Diana Hoffmann
Virun engem Mount war a Frankräich den Doud vun engem 17 Joer ale Mann den Ausléiser fir schro Krawallen.
Affäre vu Policegewalt
123 Dossiere wéinst presuméierter Policegewalt zënter 2018.

Hie war jo bei enger Verkéierskontroll vun der Police erschoss ginn.

Krawallen ginn et zu Lëtzebuerg keng, Fäll vu presuméierter Policegewalt dogéint schonn. E rezent Beispill ass d’Arrestatioun vu 4 Polizisten. Si kréie jo ënnert anerem Policegewalt an e schroe Fall vu fräiwëlleger Kierperverletzung virgeheit. Keen Eenzelfall.

Presuméiert Policegewalt / Reportage Dany Rasqué

Huele mer zwee aner méi rezent Beispiller, an deenen et nach keent oder nach keent rechtskräftegt Urteel gëtt.

Virun zwee Joer war um Virowend vun Nationalfeierdag e Mann ganz uerg am Gesiicht blesséiert ginn - wärend enger Ausernanersetzung mat der Police.

Et ass notamment eng Plainte bei der IGP, der Police vun der Police, gemaach ginn, ofgeschloss ass déi Affaire awer nach net.

E weidert Beispill sinn déi déidlech Schëss am Abrëll 2018 zu Bouneweg. E Polizist hat deemools engem Automobilist an de Kapp geschoss. Hien ass wéinst Doutschlag ugeklot ginn an am November zejoert an éischter Instanz zu 5 Joer Prisong verurteelt ginn. Dat Urteel ass awer nach net rechtskräfteg - do fänkt Uganks Oktober den Appellsprozess un.

An den Ae vun der Policegewerkschaft, der SNPGL, gëtt et awer net méi presuméiert Policegewalt, mä se ass méi present. Hir Generalsekretärin Marlène Negrini:

“Et ass éischter ee Gefill, well een haut méi gesäit. Fréier war och Gewalt, net nëmme Policegewalt, mä och Gewalt vun de Bierger, wat haut och ass. Et muss een déi zwou Säite kucken a fréier huet een dat net esou héieren. Haut huet all Mënsch en Handy an egal wat geschitt, dobaussen ass direkt iergendeen do, dee mam Handy fotograféiert oder filmt an da ginn d’Leit dat gewuer, well et iwwer Facebook oder soss Medie weidergeschéckt gëtt.”

Kierperkameraen hätte kënnen dozou bäidroen, datt no Reprochen d’Wourecht méi séier ka gekläert ginn. D’Gesetz, datt Poliziste mat sougenannte Bodycams ekipéiert ginn, ass och elo nach virun der Summerpaus gestëmmt ginn. Et ass an den Ae vun der Policegewerkschaft awer kee gutt Gesetz a wieder am Intressi vun der Police, nach der Justiz a scho guer net dem Bierger, wéi d’Marlène Negrini seet.

Fir d’Gewerkschaft ass et e Problem, datt e Polizist seng Kamera zwar am ëffentleche Raum dierf benotzen, awer net am Privaten.*

“Ech verstinn, datt dat soll geschützt ginn, mä wann der elo als Polizist op e Familljesträit geruff gitt, da sidd dir d’office am private Raum. Wann dann do ee vun deenen zwee randaléiert, e schléit d’Haus kuerz a kleng a geet och nach op d’Poliziste lass, da kann duerno net duerch eng Kamera bewise ginn, wéi dat richteg ofgelaf ass an dat ass am Fong, dat wat mer wollten hunn. Bei esou Faite ka kee méi soen, de Polizist huet ugefaang oder de Bierger huet ugefaang.”

Aus de Chiffere vun der Inspection geet iwweregens ervir, datt d’Police vun der Police zënter 2018 mat 123 Dossiere wéinst Policegewalt befaasst war. Dovunner sinn der 91 ouni penal Suitten vun de Justizautoritéite klasséiert ginn.

*De Ministère fir bannenzegt Sécherheet deelt allerdéngs mat, dass et net esou wier, dass d’Bodycamen net dierften am private Beräich vun de Beamte genotzt ginn. Dëst wier just ënner anere Konditiounen de Fall, wéi am ëffentleche Raum.

Back to Top
CIM LOGO