D’Liwwerung, déi am Fliger transportéiert gi war, war als Deko-Këssen deklaréiert, ma wéi d’Beamten d’Päck opgemaach hunn, hu si eppes ganz aneres dra fonnt. Iwwer 123 Kilogramm brutto Cannabis waren heiranner verstoppt. “Déi zoustänneg franséisch Autoritéite goufen direkt informéiert. Déi saiséiert Droge goufe versigelt an de Bestëmmungen no zerstéiert”, heescht et an der Matdeelung vum Parquet en Donneschdeg.
D’Quantitéit vun iwwer 123 Brutto-Kilogramm Cannabis géif “offensichtlech” iwwer de Kader vum individuellen oder geleeëntleche Konsum erausgoen a kéint just op eng “strukturéiert, groussugeluechte Verkafsaktivitéit hiweisen”. Liwwerungen, wéi déi, déi elo vun den Autoritéite saiséiert a vernicht gouf, géifen an der Ëmsetzung grouss “logistesch, finanziell a personell Mëttel” brauchen. Dat wier “charakteristesch” fir organiséiert Netzwierker. Dës Zort vun der organiséierter Kriminalitéit géif grouss Profitter generéieren an dacks benotzt ginn, fir aner Forme vun der Kriminalitéit ze finanzéieren.
D’Interventioun Ufank Mäerz géif weisen, wéi wichteg déi international Zesummenaarbecht am Kader vum Drogeschmuggel, ma och d’Vigilance vun den Douaniere wier, heescht et am Statement vum Parquet.