
Wie sech diskriminéiert fillt kann de Centre pour l'égalité de traitement kontaktéieren. Zejoert huet de CET op 150 Dossiere geschafft. De Moie krut de Chamberpresident Fernand Etgen den Aktivitéitsrapport 2018 presentéiert an eng Rei Recommandatioune mat op de Wee.
D'Presentatioun vum Rapport war d'Geleeënheet fir de President Patrick Hurst fir ze rappelléieren, firwat een sech iwwerhaapt beim CET ka mellen.
Wann eng Persoun vun de Motiver mellt déi gesetzlech virgesi sinn, der ethnescher Origine, Race, Hautfaarf, Relioun, Weltusiicht, Geschlecht, sexuell Orientéierung, Alter, Behënnerung oder zënter 2017 der Nationalitéit un eis wennt, well se sech benodeelegt, respektiv diskriminéiert fillt.
De Centre agéiert als Mediateur. Wann d'Dossieren era komme gi se no de 6 Diskriminatiounsmotiver klasséiert, esou d'Directrice Nathalie Morgenthaler: "...Sou dass mer zum 31sten Dezember 2018 6 Fäll bei der sexueller Orientatioun haten, 8 Fäll bei de reliéisen Iwwerzeegungen, 11 Fäll beim Alter, 14 Fäll bei der Discrimination multiple, 21 Fäll bei der ethnescher Hierkonft, 24 Fäll beim Geschlecht, 27 Fäll bei "aneres" an 29 Fäll bei der Behënnerung."
D'Suittë ware ganz ënnerschiddlech. Eemol war net de CET mä e Geriicht zoustänneg, 16 mol gouf keng Diskriminatioun festgestallt, 17 Ufroe stoungen um leschten Dezember nach op, a 34 Fäll hunn d'Leit sech zeréck gezunn an an 82 Fäll ass et dem CET gelonge fir eng Léisung ze fannen, d'Leit ze beroden oder ze reorientéieren.
De CET kontrolléiert iwwerdeems och Annoncen ob se net diskriminatoresch sinn: "A 36 Fäll war d'Annonce nëmmen op ee Geschlecht ausgeschriwwen, sou ass zum Beispill eng Sekretärin oder ee Mecanicien gesicht ginn."
Et gëtt bedauert, datt d'Diskriminatioun op Basis vun der Nationalitéit net kloer genuch am nach jonke Gesetz formuléiert ass, virun allem net wien Uspriechpartner fir d'Leit soll sinn, déi entspriechend Direktiv wier op alle Fall net wäitreechend genuch ëmgesat ginn.
D'Gesetz wier mëttlerweil annerhalleft Joer al a vill Froe géinge bleiwen. Datt hei nogebessert gëtt ass eng vun de puer Doleancen, déi de CET der Chamber mat op de Wee gëtt.