De 15. Februar ass den internationale Kannerkriibsdag. An Europa erkranken all Joer eng 15.000 Kanner a Jugendlecher u Kriibs. 80% vun hinne gëlle 5 Joer drop als geheelt. Ma et stierwen och Joer fir Joer 6.000 jonk Patienten un der Krankheet. Ëmsou méi wichteg ass et, d’Recherche weider ze dreiwen an och fir d’Kanner innovativ Therapien z’entwéckelen. Dëst ass eng vun de Missioune vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. Eng aner wichteg: betraffe Kanner an hir Famillen ënnerstëtzen.
Beim klenge Leo Hastert huet alles mat enger Knupp iwwer dem A ugefaangen. Keng Bëlz, wéi seng Elteren ugangs geduecht haten, mä eng Tumeur. Den 2 Joer ale Bouf hat eng akut Leukemie.
D’Schreckensnoriicht koum leschten Hierscht. De Bouf ass zanterhier zu Bréissel am Traitement. Als Tsunami bezeechent seng Mamm Laetitia d’Nouvelle, déi iwwer d’Famill eragebrach ass. Opgefaange gouf d’Famill Hastert-La Vecchia vun der Fondatioun kriibskrank Kanner. Si hëlleft Eltere bei den administativen Demarchen, bezilt d’Rechnunge vum Traitement am Ausland. Stellt wärend dem Openthalt zu Bréissel e Logement zur Verfügung a Personal, dat d’Famillen op der Plaz encadréiert. E weidere wichtegen Aspekt vun der Fondatioun hirer Aarbecht ass déi psychologesch Betreiung. Gespréicher a Konschttherapie mat den Eltere beispillsweis. De klenge Patienten an hire Geschwëster kann eng Spilltherapie hëllefen, d’Belaaschtung vun der Krankheet besser ze verschaffen.
Am Laf vun der Pandemie gouf d’Sandra Foucher, Responabel vum Service Psychologie a Pedagogie vun der Fondatioun awer och vu fréiere Patiente kontaktéiert. D’Isolatioun an d’Masken hu bei verschiddenen al Traumae reaktivéiert.
2021 huet d’Fondatioun 255 Patienten an hir Famillje betreit. Dorënner och déi vu 34 neie klenge Kriibs Patiente wéi de Leo. D’Zuel vu Fäll wier an de leschte Jore liicht geklomm, och op europäeschem Niveau, observéiert d’Anne Goeres. Iwwer d’Ursaache misst nach gefuerscht ginn. Esou d’Direktesch vun der Fondatioun kriibskrank Kanner. Si bedauert, datt déi jonk Patienten nach ganz dacks mat ale Medikamenter behandelt ginn, déi guer net fir si entwéckelt goufen. Just 10% vun de klenge Kriibspatiente géife vun innovative Projete profitéieren.
2/3 vun de “Survivors” leiden ënner Laangzäiteffekter vun der Kriibstherapie, notéiert d’Fondatioun, déi mat hirem Lëtz Go Gold Charity Run Sue fir d’Recherche sammelt. Déi 5. Editioun ass am September.
Beim klenge Leo Hastert huet Chemotherapie gutt ugeschloen, den Ament sinn d’Kriibszelle fort. Ma och wann déi intensiv Phas vum Traitement geschwënn ofgeschloss ass, wäerte seng Therapië sech bis an den Hierscht 2023 zéien.