Méi Fransousen, manner Belsch an Däitscher15.200 Frontaliere sinn 2024 eng éischte Kéier op Lëtzebuerg schaffe komm

Joel Detaille
50% vun alle Salariéen, déi nei heihi schaffe kommen, verloosse Lëtzebuerg nees bannent den nächste 5 Joer.
Iwwert d’A3 kommen Dag fir Dag vill franséisch Frontalieren an d’Land.
© Domingos Oliveira

Am Laf vum Joer 2024 si 15.200 Frontalieren eng éischte Kéier op Lëtzebuerg schaffe komm. Den Undeel vu Leit aus Frankräich hëlt weider zou, wougéint manner Belsch an Däitscher heihi schaffe kommen.

8.200 Auslänner sinn iwwerdeems nei heihi schaffe komm a sinn och Residenten.

Pressecommuniqué
Publication des résultats de la première partie de l’étude LUXTALENT au sujet de l’attraction et de la rétention de talents au Luxembourg (24.03.2026)

Déi Zuele ginn aus enger Publikatioun vum LISER, dem sozio-ekonomeschen Recherche-Institut ervir, no enger Demande vum Wirtschaftsministère.

An deem Pabeier gëtt och déi ëmmer méi grouss Wichtegkeet vun auslänneschen Aarbechtskräften ervirgestrach.
50% vun alle Salariéen, déi nei heihi schaffe kommen, verloosse Lëtzebuerg iwwerdeem nees bannent den nächste 5 Joer.

LUXTALENT: Attraction et rétention des talents au Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO